OECD-EtüdEkonomie wiisst, ma Logementsproblemer bleiwe bestoen

RTL Lëtzebuerg
Leit aus dem Grand-Duché ginn am EU-Verglach am meeschte vun hirem Revenue fir hiren Immobiliëprêt aus an et gi net genuch Sozialwunnengen.
OECD-Etüd
Leit aus dem Grand-Duché ginn am EU-Verglach am meeschte vun hirem Revenue fir hiren Immobiliëprêt aus an et gi net genuch Sozialwunnengen.

De Leit zu Lëtzebuerg geet et gutt, d‘Wirtschaft wiisst ëmmer nach weider an de Budget ass zolidd. Ma et misst nach méi Wunnraum geschaaft ginn, Entreprisen, deenen et net esou gutt geet, misst ënnert d‘Äerm gegraff ginn, d‘Ëmwelt- an d‘Verméigenssteier sollt gehéicht ginn an d‘Pensioune solle gedrosselt ginn.

Dat sinn nëmmen e puer vun de Recommandatioun, déi d‘OECD der Lëtzebuerger Regierung gemaach huet. D‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung huet de Grand-Duché genau ënnert d‘Lupp geholl an hir 110 Säite laang Etüd doriwwer e Mëttwoch presentéiert.

Den Accent vun der Etüd louch op der Logementsproblematik. Zuele vun 2016 weisen, dass Lëtzebuerger Stéit am europäesche Verglach bei Wäitem am meeschte vun hirem Revenu fir hiren Immobiliëprêt ausginn.

Au Grand-Duché: Ces locataires aisés qui squattent les logements sociaux Weider ass aus dem Rapport erauszeliesen, dass 1 vu 5 Locatairen, déi eng Sozialwunneng hunn, zu där Klass zu Lëtzebuerg gehéieren, deenen et finanziell am beschte geet.

De Grand-Duché gëtt och ënnert anerem wéinst deem Fait relativ negativ vun der OECD bewäert.  Dobäi kënnt, dass d'Zuel vun Sozialwunnengen eng vun deene niddregsten an der OECD ass.

© OECD

Back to Top
CIM LOGO