2 Leit blesséiertEen Accident an eng Persoun ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 e Sonndeg de Moie matdeelt, koum et op 2 Plazen am Land zu Accidenter mat Blesséierten.

Géint 4.20 Auer krut eng Camionnette um CR337 tëscht Ëlwen a Kierchen e Bam ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz vun Housen, de Samu Ettelbréck, d'Pompjeeë vun Ëlwen an d'Police.

Kuerz virun 10 Auer e Sonndeg de Moie gouf eng Persoun op der N10 op der Héicht vun der Wollefsmillen an Direktioun Waasserbëlleg vun engem Auto ugestouss a verwonnt. Hei waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Mäertert, d'Pompjeeë vu Mompech an d'Police am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO