Alkoholiséiert zu Rëmerschen a PéitengEe Mann hat op oppener Strooss randaléiert, een anere war um Steier ageschlof

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 2.30 Auer an der Nuecht op e Méindeg krut d'Police eng Persoun gemellt, déi zu Rëmerschen op oppener Strooss géing randaléieren.
© RTL Archivbild

Eng Policepatrull huet de Mann nieft engem Won ugetraff, deen den Dag virdrun als geklaut gemellt gi war. Bei der Kontroll koum nach eraus, dass hie kee Permis huet an och nach wéinst enger Openthalt-Ermëttlung gemellt war.

Den Alkoholtest war positiv. De Mann krut e Protokoll an e Fuerverbuet.

Weidere Virfall zu Péiteng

Och alkoholiséiert war e Chauffer, deen der Police kuerz no 23 Auer an der Rue Pierre Gregoire zu Péiteng gemellt gi war. De Mann wier hannert dem Steier ageschlof a géif mat sengem Won matten op der Strooss stoen.

De spéideren Alkoholtest war positiv. Donieft war de Mann gemellt wéinst enger oppener Prisongsstrof vu 6 Méint an engem längere Fuerverbuet. De Won gouf op Uerder vum Parquet sécher gestallt an de Mann koum op de Policebüro, duerno direkt op Schraasseg.

Accident

En Accident gouf et e Méindeg de Moien tëschent Déierbech an der Schleef. Géint 9 Auer ass do en Auto op d'Kopp gaangen. Eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO