
E Blesséierten gouf et géint 4.20 Auer op der Escher Autobunn, op der Héicht vu Steebrécken Direktioun Féiz. Een Auto war an d'Ongléck verwéckelt. Soss Detailer ginn et keng.
Weider mellt den 112 en Accident géint 2.30 Auer op der Collectrice du Sud tëscht Biereng an dem Beetebuerger Kräiz. Hei waren zwee Autoen aneneegerannt. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.