
Um 1.30 Auer huet en Taxichauffer d'Police an der Rue des 3 Cantons zu Dippech op ee Gefier opmierksam gemaach, dat matten an der Strooss géing stoen. De Chauffer huet der Police erzielt, en hätt den Trëttoir mat sengem Won ze pake kritt an dobäi wier déi viischt Achs gebrach. De Mann hat ze vill gedronk.
Um 2.45 Auer war eng Automobilistin zu Lalleng an der Lëtzebuerger Strooss duerch eng rout Luucht gefuer. D'Fra war alkoholiséiert.
Géint 4.20 Auer krut de Chauffer vun enger Camionnette um CR337, Ëlwen an Direktioun Kierchen, ee Bam ze paken. De Mann gouf blesséiert, konnt sech awer selwer aus dem Gefier befreien. Hie koum mat de Ambulanz an d'Spidol, wou festgestallt gouf, dass hie gedronk hat.
Ze séier an alkoholiséiert ënnerwee, war e Chauffer kuerz viru 5 Auer an der Areler Strooss zu Stroossen. Hie gouf vun der Police gestoppt.
Kuerz no 5 Auer ass der Police nach een Automobilist zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté duerch säi schlechte Fuerstil opgefall. Och hien hat Alkohol konsuméiert.
Nozedroen bleift nach ee Virfall vun e Samschdeg den Owend um 20.15 Auer. Do war d'Police op eng Uelegspur an der Beeforter Strooss um Grondhaff opmierksam ginn. E Chauffer hat mat sengem Auto e Stroosseschëld mat ewech gerappt an hat probéiert weiderzefueren. De Chauffer hat gedronk.