PoliceE puer alkoholiséiert Chauffere kruten hire Permis ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, waren e puer Automobilisten e Samschdeg an an der Nuecht op e Sonndeg ënnerwee, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archivbild

E Samschdeg géint 15.45 Auer koum et zu engem klenge Stau an der Lëtzebuerger Strooss zu Waasserbëlleg. Dat war och enger Patrull opgefall, déi eng Camionnette ausmaache konnten, déi zwar richteg op der Säit geparkt stoung, ma den Unhänger stoung deels nach op der Fuerbunn. De Chauffer souz iwwerdeems nach am Gefier, hie war fest hannert dem Steier ageschlof, wat wuel op säin Alkoholpeegel zeréckzeféiere war. A well de Mann en Test refuséiert huet, d'Beamten och onënnerbrach beleidegt an ugejaut huet, goufen déi däitsch Kolleegen erbäigeruff, déi festgestallt hunn, dass de Chauffer kee Permis méi hat an donieft e Fuerverbuet an Däitschland hat. Op Uerder vu Parquet gouf d'Camionnette sécher gestallt an et gouf protokolléiert.

An der Nuecht op e Sonndeg sinn e puer Automobilisten negativ opgefall a goufe kontrolléiert. Dat zu Viichten, Esch, Steesel, Miersch an Angelsbierg. D'Alkoholtester si positiv verlaf a 4 Permisen agezunn. An 2 Fäll gouf eng Plainte gemaach ouni datt huet missen e Fürerschäin agezunn ginn.

Jonke Mann beklaut

Géint 21.20 Auer krut eng Persoun bei der Stater Gare hir Halskette geklaut. D'Affer war vun hannen attackéiert ginn an hat nach probéiert, sech ze wieren.

Den Täter huet sech zesumme mat dräi anere Persounen duerch d'Bascht gemaach. Eng Enquête leeft.

Back to Top
CIM LOGO