Aarbechtsmaschinnen a FlamenE Méidrescher an en Trakter plus Unhänger hate Feier gefaangen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Fluessweller a Gouschteng huet e Méidrescher gebrannt, tëscht Keel an Näerzeng en Trakter plus Unhänger.

Hei hat ee Méidrescher gebrannt. Fënnef Pompjeescorpsen waren op der Plaz fir d'Flame meeschter ze ginn.

Kuerz no 23 Auer en Donneschdeg den Owend stoung tëscht Keel an Näerzeng een Trakter a Flamen. De Chauffer vun engem Trakter huet op der Autobunnsbréck iwwert der A13 musse feststellen, dass eng Partie Botten op sengem Unhänger Feier gefaangen haten. En huet d'Pompjeeë geruff, konnt awer net verhënneren, dass den Trakter mam Unhänger a Luedung ausgebrannt ass. Et huet bis an déi fréi Moiesstonne gedauert, bis d'Heebotte geläscht waren. D'Bréck iwwert d'A13 bleift viraussiichtlech de ganzen Dag fir den Trafic gespaart. D'Pompjeeën aus der Ëmgéigend waren am Asaz.

© CGDIS
© Roderes Xavier / RTL Mobile Reporter

E Freideg de Moie kuerz no 10 Auer goufen d'Pompjeeë vun Iechternach geruff, well Offäll an der "Schmatzacht" gebrannt hunn.

Géint 10.15 Auer gouf et eng Dampentwécklung zu Diddeleng an der Industriezon Riedgen. D'Asazzentere vun Diddeleng, Beetebuerg a Fréiseng sinn op d'Plaz gefuer, grad wéi d'Ambulanz vun Diddeleng.

Schreiwes vum CGDIS: D'Bränn an de leschte 24 Stonnen

Back to Top
CIM LOGO