Nogehaakt mam Marc HenrionE Lëtzebuerger am Malawi wëll Astronaut ginn

RTL Lëtzebuerg
65 Lëtzebuerger hu sech bei der Europäescher Weltraumagence gemellt, fir Astronaut ze ginn. Een dovun ass de Marc Henrion.

Hien ass e Bio-Statistiker, deen an engem Tropefuerschungsinstitut am Malawi schafft. De Pierre Weimerskirch huet am Podcast Nogehaakt mam Fuerscher iwwer seng Aarbecht an och seng Ambitiounen, fir ESA-Astronaut ze ginn, iwwer Skype geschwat.

Theme waren och d'Corona-Situatioun am Malawi a säi Parcours vum Lycée Robert Schuman an de Malawi, bis eventuell an de Weltraum.

De ganze Podcast fënnt een op RTL Play.

RTL-News: Nei Esa-Astronaute gesicht: 65 Leit aus Lëtzebuerg hu sech gemellt

Back to Top
CIM LOGO