De Generaldirekter vum Luxairport, de René Steinhaus huet RTL Erklärunge ginn zu dëser Foto, déi iwwregens net e Samschdeg, mä e Freideg den Owend entstanen ass.
Wéi et heescht, hätt et sech ëm e Fluch op Porto gedréit, dee komplett iwwerbucht war. Hei huet deelweis och d'Police geruff ginn, fir tëscht den opgereegte Passagéier de Sécherheetsofstand um Fluchhafen ze garantéieren.