Zanter 1994 ass d’Stad Lëtzebuerg mat der Alstad an der Festung Unesco-Weltkulturierwen. De Robert Philippart ass den “Unesco Site Manager” an zwee Deeg viru senger Pensioun war hien en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun.
D’Chef-Architektin vun der Stad Lëtzebuerg Shaaf Milani-Nia gëtt seng Nofollgerin. Den Unesco-Sitemanager wiesselt vum Kulturministère eriwwer bei d’Stad Lëtzebuerg. Problematesch wär dat net, erkläert de Robert Philippart, mä eng normal Saach. Legislativ géif d’Responsabilitéit och an der Kultur bleiwen, wou iwwerwaacht gëtt, datt d’Unesco-Definitioune stëmmen.
Stad Lëtzebuerg “valeur universelle exceptionelle”
D’Stad Lëtzebuerg gëtt vun der Unesco als “valeur universelle exceptionelle” bezeechent. Den Titel vu Weltkulturierwe kann een och verléieren. Jiddereen, ob Staat oder Gemengeservicer, wär hei am Land geéiert vun deem Titel a géif an déi Richtung schaffen. D’Stad entwéckelt sech a wiisst. En Tram gouf a gëtt gebaut. Et koume Lifter, Vëlosbrécken a ganz zentral eng Cité judiciaire. En zolitte PAG a Kadergesetzer, déi vill Saachen net méiglech maachen, wäre ganz wichteg. A wann ee vun Ufank un d’Unesco mat an d’Boot hëlt, wéi zum Beispill beim Tram duerch déi Nei Avenue, da géif et villäicht méi laang daueren, mä et géif awer gutt goen, sou de Robert Philippart.
Et wär och wichteg, datt eng Stad a Gebaier liewen. D’Unesco wär net fir d’Muséificatioun vun enger Stad. Mä et wär eng Friddensagence vun der UNO, déi wéilt, datt sech eng Stad am Respekt vum Patrimoine entwéckelt.
All Mount eng Visite guidée
Als Historiker organiséiert de Robert Philippart zesumme mam Musée Dräi Eechelen all Mount eng Visite guidée. Et ass all Kéiers en anere Sujet. Den Interessi wär grouss. Déi leschte Kéier sinn 68 Leit matgaangen, déi Kéier virdru 94. Et géifen och Jonker matgoen. Geschicht wär méi wéi Souveniren, seet den Historiker.