
Den CSV-Buergermeeschter Antoine Rodesch hat nämlech eng LSAP-Kandidatin, zesumme mat hirem Mann an hire Kanner, aus dem Persouneregëster vun der Gemeng gestrach, well d'Laurence Depienne net wierklech an der Gemeng wunne géif. Elo huet den Tribunal administratif an dëser Affär tranchéiert.
D'Verwaltungsgeriicht huet de Recours vun de Leit als justifizéiert ugesinn an dowéinst d'Decisioun vum Rammerecher Buergermeeschter annuléiert. Den Dossier muss elo zréck bei de Gemengepapp an d'Gemeng d'Fraisen iwwerhuelen,
Op Grond vun engem Procès-verbal vun der Police vun August 2017, deen op Demande hi vum Buergermeeschter erstallt gi war, hat deen decidéiert, fir d'Koppel an hir 3 Kanner aus dem Persouneregëster vun der Gemeng ze sträichen. D'Fra hat dës Sträichung de Mount drop duerch en ageschriwwene Bréif un de Buergermeeschter, dee vun der LSAP geschéckt gouf, contestéiert. D'Leit waren am November vun deem Joer op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.
Am Uerteel gëtt festgehalen, dass sech d'Fra bei de leschte Gemengewalen opstelle wollt. Wéi d'Kandidatelëscht vun hirer Partei sollt deposéiert ginn, war d'Fra doriwwer informéiert ginn, dass si aus dem Persouneregëster gestrach gi wär, well si net wierklech an der Gemeng wunne géif. Nom Bréif vun hirer Partei war si zwar nees op de Registre d'attente vun der Gemeng komm, wouduerch si awer net bei de Gemengewale matmaache konnt.
Eréischt méi spéit wär festgestallt ginn, dass déi ganz Famill aus dem Persouneregëster gestrach gi war. D'1. Riichter schwätzen an hirem Uerteel vun enger Verwaltungsdecisioun, déi d'Rechter an d'Intressie vun de Leit affektéiert hätt. De Buergermeeschter hätt déi Decisioun op eegen Initiativ hi geholl an am Virfeld dovu bei der Police eng Enquête iwwert d'Leit gefrot, ouni si iwwer seng Absicht z'informéieren an ouni hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, hir Observatiounen dozou virzedroen. Verwaltungsakte wären de Prozeduren no ze huelen, déi a Gesetzer oder Reglementer virgeschriwwe sinn, sou den Tribunal administratif, fir deen eng Irregularitéit als substanziell ze betruechte wär, wann e Bierger doduerch e Recht ewechgeholl krit.
Well de Buergermeeschter en Artikel vum Gesetz vu Juni 2013 iwwer ë.a. d'Gemengeregësteren net respektéiert hätt, wär seng Decisioun z'annuléieren. D'Leit an d'Gemeng hätten awer keng Indemnité de procédure zegutt.