Chamberkommissioun EducatiounD'Schoul no der Fuesvakanz nees op? Minister léisst sech Zäit bis e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Méi wollt de Claude Meisch nach net soen, well dat a sengen Aen zu dësem Zäitpunkt puer Spekulatioun wier.
De Claude Meisch
De Minister stoung der Ressort-Kommissioun Ried an Äntwert.

No deene ville Corona-Infektiounen an de Schoulen wëll den Educatiounsministère dës Woch, wou d'Kanner jo vun doheem aus enseignéiert ginn, dovunner profitéieren, fir d'Situatioun erëm roueg ze kréien an dat sanitäert Konzept z'iwwerdenken an unzepassen.

Educatiounskommissioun - Reportage vum Dany Rasqué

"De Virus ass am gaangen sech anescht ze verhalen an deem muss ee Rechnung droen" huet de Minister Meisch no enger Reunioun mat de parlamentaresche Kommissiounen fir Educatioun a Santé am RTL-Interview ënnerstrach.

Et mussen also nei Moossnamen hier. Wéi déi kéinten ausgesinn, dozou wollt de Claude Meisch nach näischt soen, well dat a sengen Aen zu dësem Zäitpunkt puer Spekulatioun wier.

Un engem aneren Datum géif den Educatiounsminister awer nawell gäre festhalen.

"Wéi mer gesot hunn, gi mer dovunner aus, datt no der Fuesvakanz d'Schoul erëm wäert opgoen. A wéi wäit se dann esou wäert fonctionéieren, wéi dat virdrun de Fall war, dat si mer am Ga ang ze kucken. Do sinn nach vill Analysen néideg an och Diskussioune mat der Santé. Mir leeën eis am Laf vun dëser Woch op en neie Modell fest.

Ech menge mer musse kucken, datt mer d'Schoul, déi fir d'Kanner extrem wichteg ass, déi fir d'Gesellschaft, d'Zukunft vun deene Jonken an d'Zukunft vum Land extrem wichteg ass, datt mer do ganz kloer eng Prioritéit dra setzen."

Fir den Educatiounsminister ass et donieft och wichteg, wéi e seet, ze kucken wat bei deene Jonken ausserhalb vun der Schoul geschitt. Stéchwuert Kannerbetreiung, Jugendbetreiung a Veräinsaktivitéiten.

Bis e Freideg well een sech elo Zäit ginn, fir z'analyséieren, sech ze beroden an ze diskutéieren.

Déi gréisst Oppositiounspartei weist drop hin, datt een elo erëm eng Kéier ganz kloer géif gesinn, datt d'Regierung et am Summer verpasst huet, eng sécher Rentrée ze preparéieren.

D'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen seet, datt dringend nei Moossnamen néideg sinn an huet och eng kloer Virstellung wéi déi missten ausgesinn.

"Mir sinn nach ëmmer der Meenung, datt d'Masken och an der Grondschoul mussen obligatoresch ginn an datt hei massiv muss mat Schnelltester geschafft ginn. An Éisträich hu se Tester, déi d'Kanner selwer kënne maachen, ouni datt se sech bis ech weess net wuer an d'Nues musse fueren. Dat gëtt op ville Plaze gemaach a mir mussen hei zu Lëtzebuerg och endlech do nozéien. Dat, wat eis elo den Ament wierklech vill stéiert, dat ass, datt den Homeschooling, dee warscheinlech nach méi wéi eemol wäert virkommen, datt och deen net anstänneg preparéiert ginn ass."

Dat kléngt éischter no enger Datz fir den Educatiounsminister an apropos Datz, d'CSV fuerdert, datt déi schwaach Schüler geziilt Nohëllef musse kréien, fir datt se eng Chance hunn, op dee selwechten Niveau ze kommen wéi hir Kolleegen.

D'Piraten soen, si wiere schonn iwwerhaapt frou, datt de Minister agesinn huet, datt ee sech och an der Schoul kann ustiechen. Ob et no der Fuesvakanz awer schonn erëm soll Presenzunterrecht ginn, ass fir de Marc Goergen nach guer net sou sécher.

"Fir eis Piraten ass kloer, wann e Risiko besteet, datt d'Kanner sech elo vill méi séier ustiechen, an de Schoule selwer oder am Transport dohin, da soe mir Piraten ganz kloer: "Och no der Fuesvakanz ass nach keng Schoul".

Méi Kloerheet dierft et Enn der Woch ginn. E Freideg  sinn déi zwou zoustänneg Chamberkommissiounen  och nach emol zesummen.

Back to Top
CIM LOGO