PoliceDrogendealer hat 20 Friemkierper ofgeschléckt

RTL Lëtzebuerg
Hie wéi nach zwou aner Persounen haten e Freideg de Moien dann direkt Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
© AFP

En Donneschdeg gouf e presuméierten Drogendealer op der Stater Gare vun der Police erwëscht. Et huet sech erausgestallt, datt d'Persoun 20 Friemkierper ofgeschléckt hat. Den Dealer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an d'Drogen, Boergeld an den Handy beschlagnaamt. De Mann hate Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Da gouf eng Fra géint Mëtternuecht verhaft, nodeem d'Police wéinst ze vill Kaméidi geruff gouf. Wéi si de Beamten d'Dier opgemaach huet, hunn dës direkt e staarke Cannabisgeroch festgestallt. Beim Duerchsiche vun der Wunneng goufe 622 Gramm Marihuana, 319 Gramm Haschisch, e bësse Kokain an 850 Euro Boergeld festgestallt. D'Fra gouf op Uerder vum Parquet verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.

Dem Riichter gouf dann och eng Persoun virgefouert, déi en Donneschdeg de Moie géint 5 Auer an en net bewunntent Haus um Dernier Sol am Garerquartier agebrach war an dobäi d'Entréesdier futti gemaach huet.

Back to Top
CIM LOGO