PoliceDrogendealer bei der Stater Gare verhaft

RTL Lëtzebuerg
En Donneschden den Owend konnt eng Policepatrull een Drogendealer stellen, nodeems hie probéiert hat, sech enger Kontroll ze entzéien.

45 Gramm Kokain, eng gréisser Zomm Boergeld an een Handy goufe beim Mann fonnt.

De Procureur huet ordonéiert, de Mann ze verhaften an d'Géigestänn ze saiséieren. Hien huet sech um Freiden de Moie misste virum Untersuchungsriichter veräntwerten.

Back to Top
CIM LOGO