E Bierger huet eis op déi Problematik opmierksam gemaach a wollt awer anonym bleiwen.
„Gëschter koum zum Beispill eng Camionnette mat zwee Hären dran, hanne Camionnette op an einfach alles raus: Kartrong, Fënsteren, Heizkierper vun allem. An einfach hei an eng Zone verte geheit ouni sech drëm ze këmmeren op d'Noperen ee Problem domat hunn oder et iergendee géing stéieren, et gëtt einfach ofgelueden, Camionnette gëtt zougemaach an da gëtt rëm gefuer."
Et wier och net fir d'éischt, datt gréisser Quantitéite Knascht op dëser Parzell deposéiert goufen.
„Do hunn ech schonn eng Kéier d'Gemeng kontaktéiert, d'Police kontaktéiert, Fierschter kontaktéiert, bis ma dunn mol e bëssen eppes haten, wou ee konnt soen: Hei, déi Leit sinn et an déi maachen et, do sinn se op frëscher Tat, se si grad am Gaang."
De besuergte Bierger huet d'Leit, wou d'Parzell gelount hunn, ugeschwat, déi soen, dass se net wësse vu wou den Dreck hierkënnt. An der Noperschaft wëll och keen eppes gesinn hunn. De Mann fënnt, et kéint net esou weidergoen.
„Ech fanne fir eng Gemeng gesäit dat einfach net propper un, wa mir sou Drécksecker do stoen hunn. Déi Saache gehéieren op de Step an net einfach an d'Natur. Wéi wäit sinn ech domat komm? Bis elo nach net all ze wäit, vue dass Gemeng jo net wousst, u wiem et géing leien, Police näischt ka maachen, wann et Inconnu ass a musse mer kucken, wéi et weidergeet."
Op Nofro hin huet Gemeng eis en Dënschdeg confirméiert, dass den Dreck antëscht ewechgeraumt gouf. Iwwerdeems huet d'Gemeng Plainte gemaach.