
En Donneschdeg de Moien ass zu Conter géint 10.30 Auer e Cyclist vun engem Trakter ugestouss ginn. De CGDIS mellt zwee Blesséierter. Detailer ginn et nach keng.
Donieft goufen den nämmlechte Moien zwee Leit verwonnt, wéi um 7 Auer an der Rue Nicolas Meyers zu Käerjeng zwee Autoen aneneegerannt sinn.
Géint 9 Auer op der Dräikantonsstrooss um Wandhaff gouf ee Mënsch blesséiert, wéi do zwee Autoe kollidéiert sinn.