PoliceDräi Drogendealer an engem Dag am Garer Quartier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Mëttwoch de Moie mellt, konnte si e Méindeg 3 Drogendealer am Garer Quartier stellen.
© Police / Brücker Andy

An der Avenue de la Gare gouf en Drogendealer op frëscher Dot erwëscht. Hien hat eng Kokainbull a 6 Titercher Marihuana bei sech. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

An der Rue Dicks gouf spéider en Dealer a säi Client beim handele mat Kokain gesinn. Och hei gouf den Dealer op Uerder vum Parquet festgeholl. Well de Verdacht bestanen huet, dass de Mann Drogen am Kierper hätt, huet hie missen an e Scanner. Dobäi goufen e puer Friemkierper bei him festgestallt. D'Kokainbulle goufe sécher gestallt an och hei koum de Mann direkt virun den Untersuchungsriichter.

Bei enger leschter Policeaktioun e Méindeg den Owend ass de Beamten eng verdächteg Persoun opgefall, déi 2 Drogekonsumenten ugeschwat hat. An enger Säitestrooss sollt et zum Deal kommen, ma d'Police huet d'Leit virdrun gestallt. Ee vun den 2 Clienten huet déi grad eréischt erhale Wuer de Polizisten iwwerreecht. Sämtlech Bedeelegt koumen duerno op de Policebüro, wou si nach emol duerchsicht goufen.

Bei engem Konsument gouf eng weider Kokainbull an Accessoiren sécher gestallt. Den Dealer hat iwwerdeems eng Bull am Mond an hat Boergeld an 2 Handye bei sech.

Well d'Police net ausschléisse konnt, datt dee Mann weider Kokainbullen ënnergeschléckt hat, gouf och hien op Uerder vum Parquet gescannt. Dee Scann war positiv. Souwuel d'Drogen, d'Suen an d'Handye goufe sécher gestallt an de Mann op Uerder vum Parquet festgeholl an huet sech misse virum Untersuchungsriichter veräntweren.

Back to Top
CIM LOGO