No Virus-MutatiounD'Post liwwert net méi a Groussbritannien aus

RTL Lëtzebuerg
POST Luxembourg deelt mat, dass et dohier net méiglech wäert sinn, fir Päck oder Bréiwer a Groussbritannien ze schécken.

Wéinst der Virus-Mutatioun, déi gréisstendeels a Groussbritannien optrëtt, huet Lëtzebuerg jo decidéiert Vollen aus an a Richtung vu Groussbritannien z'annuléieren an d'Stroossen- an Eisebunnsverbindungen anzeschränken.

Och d'Post muss sech hei adaptéieren, sou dass Liwwerunge vu Lëtzebuerg aus a Richtung Groussbritannien net méi wäerte garantéiert ginn, dat ebe bis den 3. Januar 2021 inclus. Betraff sinn hei Päck a Bréiwer, sou wéi all aner Liwwerungen an England, Schottland, Wales an Nordirland.

Dohier betount Post Luxembourg och an hirem Schreiwes, dass alleguerten d'Liwwerungen, déi a Richtung vun dëse Länner virgesi sinn, temporär refuséiert ginn, dat op alleguerten den Agence vun der Post, dat elo mol bis den 3. Januar. Och gëtt natierlech ofgeroden, fir Bréiwer a Richtung Groussbritannien an d'Bréifboîtten ze geheien.

Communiqé vun POST Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO