DéifferdengDP-Politiker Marcel Meisch am Alter vun 72 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Gemengeconseiller François Meisch deelt op Facebook mat, datt säi Papp e Freideg den Owend de Kampf géint eng Krankheet verluer huet.
© RTL Télé Lëtzebuerg (Archiv)

Den Déifferdenger DP-Politiker Marcel Meisch ass am Alter vun 72 Joer gestuerwen. Hien huet e Freideg den Owend doheem de Kampf géint eng Krankheet verluer.

De Marcel Meisch war jo och de Papp vum Educatiounsminister Claude Meisch an hat och nach een drëtte Fils.

De Marcel Meisch hat zu Déifferdeng eng Bijouterie, war 25 Joer President vum Geschäftsverband a war fir déi liberal Partei lokalpolitesch aktiv, hie war ënner anerem Kandidat bei de Gemengewalen.

Back to Top
CIM LOGO