
D'Vizepresidente vun der Stater Union Commerciale sinn d'Malvina Gelezuinas an den Dan Gantrel.
An der Generalversammlung gouf festgehalen, datt d'Pandemie d'Stater Geschäftswelt uerg impaktéiert huet; sou hunn eng ganz Rëtsch international Enseignen hir Butteker zougemaach; absënns d'Moud- an Accesoire-Branche hätt d'negativ Effekter vun der Kris voll ze spiere kritt.
Festgehale gouf iwwerdeems och, datt d'Zuel vu Butteker, déi zejoert zougemaach hunn, stabel bliwwen ass, mä datt et op där anerer Säit vill manner Geschäfter gi sinn, déi nei opgemaach hunn.
Als Haapt-Defie gesäit de Stater Geschäftsverband d'Onsécherheet am Stadzentrum, déi vill Chantieren, zoue Parkingen an d'schlecht Accessibilitéit vun de Butteker an der Stad.