Appell un d'Lëtzebuerger AutoritéitenD'Luxair an d'ULAV wëllen, datt verschidde Restriktioune gelockert ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Luxair an d'Unioun vun de Reesagencen ULAV appelléieren un d'Lëtzebuerger Autoritéiten, fir verschidde Restriktioune méi labber ze maachen.

Konkreet geet et ëm d'Testobligatioun bei de Kanner vu 6 Joer un. Aner Länner wieren do bedeitend manner streng, heescht et an engem Communiqué.

Dës Testreegele fir Kanner wiere komplizéiert, se géinge Käschte mat sech bréngen a géingen d'Reese bremsen.

D'Alterslimitt sollt op 14 Joer eropgesat ginn, verlaangen d'ULAV an d'Luxair.

PDF: Communiqué de presse Luxair/ULAV

Back to Top
CIM LOGO