
Bei hirer Pressekonferenz zur parlamentarescher Rentrée um Freideg de Moien hu si opgezeechent, wéi si géingen den Ongerechtegkeeten am Land entgéintwierken. Et kann een net soen, datt d'Land gutt do stéing. "D'Leit hunn an de leschte Méint staark gelidden, zéngdausende waren a Kuerzaarbecht an hunn doduerch u Kafkraaft verluer", seet de President vun der KPL, den Ali Ruckert. Ugekënnegt goufe Mesuren am soziale Beräich, wéi zum Beispill d'Reindexéierung vum Kannergeld. Zanter datt d'Kannergeld vum Index ofgekoppelt gouf, hätt et awer schonns 20 Prozent u Wäert verluer.
Iwwerdeems kritiséiert d'KPL, datt et net zu enger Steierreform komm ass. Dëst géing dozou féieren, dass d'Ongerechtegkeeten nach méi grouss ginn. "Déi Leit, déi schaffen, an d'Rentner bezuelen 2/3 vun den direkte Steieren an d'Kapital bezilt nëmmen 1/3", betount den Ali Ruckert. Dofir soll de Steierbarem un d'Inflatioun ugepasst ginn. An och de Mindestloun soll net méi besteiert ginn an d'Kapitalbesteierung net weider zeréckgoen, mä erhéicht ginn.
D'KPL géing dofir eng Steier vu 5 Prozent op den Einlage vun d'Fonds d'investissement proposéieren. Et gouf virgerechent, datt da géingen 30 Milliarden Euro erakommen, an esou och d'Sue fir eng Ëmverdeelung do wieren. Mä d'Regierung wéilt dat net, an nach ëmmer just d'Kapital entlaaschten.
Bei der Wunnengsnout stellt een dann och fest, datt d'Regierung net déi richteg Moyenen hätt. Der KPL no misst d'ëffentlech Hand an den nächste Jore 50.000 Wunnenge bauen. Dat wier awer nëmme méiglech, wann och ëffentlech Baugesellschafte gegrënnt géinge ginn, esou den Alain Hermann vun der KPL.