Joresrapport vun Omega 90D'Koordinatioun vun de palliative Soinen ass ze optimiséieren

Fanny Kinsch
D'Kommunikatioun tëschent den Acteuren, déi d’Mënschen um Enn vun hirem Liewe begleeden, doheem an am Spidol, kéint verbessert ginn.
© © Fanny Kinsch

D'Koordinatioun tëscht de palliative Soinen ass ze optimiséi

Omega 90 bitt engersäits selwer palliativ Soinen un, mécht awer och Formatiounen a setzt sech dofir an, datt all Mënsch säi Recht op palliativ Fleeg garantéiert ass. Dat mat der Missioun, d’Liewensqualitéit vun onheelbar kranke Mënschen ze verbesseren. Am Haus Omega zu Hamm goufen zejoert zum Beispill 125 Patienten empfaangen. D’Direktesch vun Omega 90 Christine Dahm erkläert, datt net nëmmen d'Patienten, mä och d'Famillje wëllkomm wieren. Och si géifen entouréiert ginn an dat net nëmme bis zum Schluss vum Liewen vun hirem Proche, mä och doriwwer eraus. Dat wier ganz wichteg.
Am Beschte wier et, wann d’Leit kéinten doheem stierwen, wichteg wier et iwwerdeems, datt d’Leit ronderëm d’Auer Zougang zu professioneller Fleeg hätten an datt Hospitalisatiounen evitéiert ginn. Iwwert dës Basisprinzipie géif et ee Konsens am Secteur ginn, esou d’Christine Dahm. Dat wier aus enger Enquête ervirgaangen, déi d’Organisatioun 2017 an 2018 duerchgefouert huet an un där 124 Acteuren Deel geholl hunn. Op Basis vun dëser Enquête huet Omega 90 Recommandatiounen un d’Regierung gemaach.

D'Christine Dahm schwätzt zum Beispill vum Patient, deen um Enn vu sengem Liewe gär doheem ass. Wann ee Problem a schwéier Symptomer géifen opdauchen, da wier d'Prise en Charge doheem net méi esou einfach. Wann de Patient misst an d'Spidol transferéiert ginn, da wier d'Koordinatioun tëschent dem Extra-Hospitalier an dem Hospitalier gefrot. Déi kéint nach optimiséiert ginn.

D’Recommandatioune wieren e relevante Bäitrag fir de "Plan National de Fin de Vie", deen am Regierungsprogramm virgesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO