EU-Meeting zu Schengen"Die Frau in Rot" - däitsch Wahlkampagne am Dräilännereck

Monique Kater
Wa sech d'Ausseministere vu Frankräich an Däitschland am Saarland fir Gespréicher gesinn, ass e Stopp zu Schengen, en absolutte Must.
Schengen, RDV mat den Ausseministeren
Wa sech d'Ausseministere vu Frankräich an Däitschland am Saarland fir Gespréicher gesinn, ass e Stopp zu Schengen, en absolutte Must.

Um Donneschdeg war esou e RDV am Dräilännereck.

De Jean-Yves Le Drian an den Heiko Maas si laanscht d'Musel getrëppelt an haten natierlech hiren Homolog Jean Asselborn mat dobäi. Et war en informellen, e symbolesche Besuch, 1 respektiv 2 Joer virun de Walen an den 3 EU-Memberstaaten; an da kann och e Stéck – op däitsch gesot: „Glanz von aussen“ net schueden.

Si, d'Lady in Red, huet Schengen en neit, e méi frësch Gesiicht ginn. Et war kee Film-Tournage fir d'däitsch Tëlee, mee déi bekannte Schauspillerin Natalia Wörner ass zënter 2016 d'Fra oder Frëndin vum däitschen Ausseminister a wann deen, virun de Walen, mat Frankräich a Lëtzebuerg flirt, kann dat net schueden. Et goung ëm näischt Spezielles, mee awer ëm alles zu Schengen ... ëm d'Séil vun Europa am Fong. Heiko Maas, SPD, däitschen Ausseminister: „Wir wollen keine Grenzschliessung, so wie wir sie aus der Vergangenheit kennen. Deshalb müssen wir uns innerhalb der EU abstimmen. Wir haben uns ausgetauscht über viele Themen, die uns in Europa beschäftigen, nicht nur was Corona betrifft, sondern im Rahmen der europäischen Souveränitéit, die wir anstreben, uns zu engagieren.

Jean-Yves Le Drian, franséischen Ausseminister: Je suis heureux, qu'on soit ici à Schengen pour respirer un peu d'air d'Europe. C'était la première fois que je me rends à Schengen. C'était à la fois une sorte de pélérinage, mais aussi un message d'espoir, ce que peut être l'Europe de demain“

Déi zwee Ministere stinn, gleeft een, wat se eis an d'Kamera soen, zu a fir Europa. Hir 2 Länner wiele ganz geschwënn eng nei politesch Féierung - Lëtzebuerg och.

Jean Asselborn, Lëtzebuerger Ausseminister: „Ech mengen et ass gutt, dass och de franséischen Ausseminister weess, wou Schengen läit, wou Schengen ass. Den däitschen Ausseminister weess dat. Ech hunn hinne gesot: Passt op! Mir sinn 26 Länner a Schengen. Vun deene 26 sinn 10 Länner, déi den Ament Restriktiounen hunn. Dobäi ass Däitschland a Frankräich. Wa mer bemol als Exceptioun de fräie Verkéier hunn an als Reegel d'Restriktiounen, ass Schengen kapott."

A genee dat dierft net geschéien, warnen déi 3 Ausseminister e puer Meter nieft der Musel. Dass déi net mëssbraucht gëtt, fir Sätz iwwer Europa, déi näischt méi wäert sinn.

Dat gleeft een als Lëtzebuerger ... Och wann ee keen Acteur a keng Actrice ass.

Back to Top
CIM LOGO