StatecDëst an d'nächst Joer kéint Hausse vun Immobiliëpräisser nees gebremst ginn

RTL Lëtzebuerg
2019 a virun allem 2020 goufen d'Immobilien hei am Land iwwerbewäert, dat schreift de Statec an enger rezenter Publikatioun.
© RTL Archivbild

D'Statistikamt wëll net vun enger Spekulatiounsblos schwätzen, och wann d'Präishausse vu 14,5 Prozent zejoert aussergewéinlech héich wier, kéint ee se, op déi lescht 40 Joer gekuckt, mat anere Phase vergläichen, an deenen d'Immobilien iwwerbewäert goufen.

Dem Statec no wieren d'Immobilien 2020 ëm ongeféier 5 Prozent iwwerbewäert ginn. Fir dëst Joer gëtt da mat enger manner staarker Präishausse vun 9 Prozent, fir 2022 da mat enger Hausse vu 5 Prozent gerechent. Dës Previsioune wieren awer nach un eng Rei Onsécherheete gebonnen.

Back to Top
CIM LOGO