
En Donneschdeg huet de Minister fir bannenzegt Sécherheet, de François Bausch, den Text nach eng Kéier offiziell den Deputéierte vun der zoustänneger Chamberskommissioun virgestallt. Dat op Demande vun de Piraten, wéi den Deputéierte Marc Goergen erkläert:
„Mir haten dat gefrot, well mir net domat averstane sinn, dass fir d'éischt d'Press gewise kritt, wat an engem Code de deontologie steet an duerno eréischt d'Chamber. Zum Code de deontologie selwer, si mer frou, dass en do ass an en ass sécherlech och eng Beräicherung fir all Polizist am Déngscht. Mir och nach eng Kéier extra d'Fro gestallt, ob et och herno méiglech soll sinn, geschützt bis zu anonym kënnen eppes ze soen, wann engem eppes opfält. Mir hu bestätegt kritt, dass dat soll méiglech ginn, deementspriechend si mer och zefridden."
Op Basis vum Deontologieskodex kann awer keen disziplinaresch géint e Polizist virgoen. Ma all Artikel wier och duerch entspriechend Gesetzer ënnermauert, esou nach de François Bausch. De Code wier éischter eng Richtlinn fir d'Polizisten an dës missten dann och an deem Sënn forméiert ginn.
RTL-Artikel: Deontologieskodex: 17 Grondsätz goufe festgehalen