Déi soss traditionell gréisser Festivitéite ware Pandemie-bedéngt och dëst Joer nees annuléiert.
Ma déi Ierfgroussherzoglech Koppel war ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet awer nees Esch en Dënschdeg besichen an do gouf ënnert anerem eng Spillplaz am Numm vum Prënz Charel ageweit.
Vill Gemengen hu sech aner Saachen iwwerluet wéi déi traditionell Volleksfester. Jee no Gemeng krut een nees e Kaddo heem bruecht oder et goufe Concerten organiséiert.
Den eenzegen offiziellen nationale Festakt am Kader vu Nationalfeierdag war e Mëttwoch um 11 Auer um Kanounenhiwwel.
Hei waren de Grand-Duc, d’Regierung a Vertrieder aus der Chamber, dem Staatsrot, der Justiz, der Arméi a vun der Stad Lëtzebuerg mat derbäi. De Groussherzog Henri, de Premier Xavier Bettel, an de Chamberpresident Fernand Etgen hunn do och kuerz Riede gehalen. Dono waren et och déi traditionell 21 Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus.
En Te-Deum an der Kathedral war dëst Joer net.
D'lescht Joer um 23. Juni war d'Hoffnung grouss, datt 2021 erëm eng Zeremonie am grousse Stil op Nationalfeierdag géing ofgehale ginn. Ma deem ass net esou gewiescht. Um Kanounenhiwwel an der Stad war och dëst Joer nëmmen e klenge Krees vun 22 Invitéë present.
Och d'Riede vum Grand-Duc, dem Premier an dem Chamberspresident hu sech deemno ëm de Sujet gedréint, deen d’Aktualitéit schonn zanter iwwer engem Joer fest am Grëff huet: d'Pandemie. De Grand Duc Henri huet rappelléiert:
"Mat der Covid19-Pandemie huet eis Welt sech radikal verännert. An der Lutte géint déi Pandemie gouf ëmmer versicht déi richteg Balance ze fannen tëschent de Rechter a Fräiheete vum Eenzelen, an der Aufgab all Matbierger vun eiser Gesellschaft ze schützen. An trotzdeem ass de Bilan ganz schwéier: eleng bei eis am Land hu mir bis haut 818 Mënschen verluer déi duerch oder mam Virus gestuerwe sinn."
Op dëser Plaz huet hien zu enger Gedenkminutt fir déi Verstuerwen opgeruff. Méi spéit am Joer géif fir si och eng Zeremonie organiséiert ginn, awer och fir déi Leit, déi sech wärend der Pandemie besonnesch fir hir Matmënschen agesat hunn.
Ma de Moment gouf och vun de Riedner genotzt, fir Merci ze soen. Et waren esou vill Leit, déi sech agesat hunn, sou datt de Premier Minister Xavier Bettel sech net konnt un all eenzele riichten.
"Haut op Nationalfeierdag ass et mir e wichtegt Uleies, fir Iech meng grouss Dankbarkeet auszedrécken. An engem normale Joer géife mir haut an der Philharmonie Perséinlechkeeten éieren, déi sech an de leschten 12 Méint besonnesch ausgezeechent hunn. Dëst Joer wier d'Philharmonie ze kleng gewiescht, fir all deene Mënsche perséinlech Merci ze soen, déi dat lescht Joer Aussergewéinleches geleescht hunn. Ech wëll dofir vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir Iech alleguer Merci ze soen."
An de Riede gouf awer och dorop higewise wéi wichteg Ëmweltschutz, eng staark Wirtschaft an den Zesummenhalt vun de Länner an der Europäesch Unioun ass. De Chamberspresident Fernand Etgen.
"Déi lescht 16 Méint hunn eis geléiert, wéi wäertvoll, mee och wéi zerbriechlech eis „Normalitéit“ ass. Wéi séier Inegalitéiten nach méi grouss kënne ginn. Ech wënsche mer, dass an Zukunft nohalteg Entwécklung an de Kampf géint de Klimawandel nach vill méi an de Virdergrond kommen.
Mir mussen d’Kris als Alarmsignal gesinn, fir eis Liewensweis ze iwwerdenken an eis méi ëm eis Äerd ze këmmeren."
De Grand-Duc huet och nach dozou opgeruff, sech op dat ze besënnen, wat wierklech zielt am Liewen: Mënschlechkeet, Solidaritéit, Toleranz, Respekt.