Et mussen déi richteg Lektiounen aus der Kris gezu ginn, leider kënnt vun der Politik op de wesentleche Froen näischt, esou den OGBL en Dënschdeg no enger Reunioun vu sengem Nationalvirstand. D'Lektiounen: Dat wier der Gewerkschaft no engersäits Investéieren an op kee Fall spueren ewéi wärend der leschter Kris. Dozou gehéiert dem OGBL no d'Stäerkung vun der Kafkraaft, dowéinst huet en ënnert anerem bedauert, datt d'Kannergeld just soll reindexéiert ginn, de Wäertverloscht zanter der Desindexéierung vun 2006 awer net kompenséiert gëtt. Bedauert huet en och, datt den Héichschoulministère d'budgetär Enveloppe fir d'Recherchezentere vun der Uni wéilt afréieren.
Déi aner Lektioun, déi ee misst aus der Kris zéien, dat wier, datt d'Gesellschaft muss d'Ongläichheete bekämpfen, déi duerch d'Kris géinge verschlëmmert ginn. D'Gewerkschaft fillt sech an där Analys och bestätegt duerch rezent Recommandatiounen a Saache Steiere vun enger Rei internationalen Institutiounen, ewéi zum Beispill den internationale Wärungsfong.
D'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back, huet un hir Fuerderung erënnert, fir d'Steier-barèmes z'indexéieren, zousätzlech Stufen anzeféieren an déi ënnescht Akommesschichten z'entlaaschten. Donieft missten och d'Steieren um Kapital an d'Luucht goen. Si huet fir eng progressiv Grondsteier plädéiert, mä och fir eng Tax op d'Spekulatioun an eng Ierfschaftssteier vun 2 Milliounen Euro un. D'grouss multinational Konzerner missten iwwerdeems och endlech besteiert ginn an et dierf net erëm zu Steierreduktioune fir d'Betriber kommen.