Appell vun de BeruffschamberenDen Apprentissage muss gefërdert ginn!

Claudia Kollwelter
D'Salariatskummer an d'Handwierkerkummer proposéieren eng Rei Mesuren, fir d'Betriber z'encouragéieren Apprentien ze huelen, a fir déi Jonk ofzesécheren.
Den Apprentissage muss gefërdert ginn!
D'Salariatskummer an d'Handwierkerkummer proposéieren eng Rei Mesuren, fir d'Betriber z'encouragéieren Apprentien ze huelen, a fir déi Jonk ofzesécheren.

E rezente Sondage vun der Handwierkerkummer huet gewisen, datt iwwert d'Hallschent vun den Entreprisen net envisagéieren, an der Rentrée Leit auszebilden. Dat gouf um Donneschden op enger gemeinsamer Pressekonferenz vun der Chambre des métiers an der Chambre des salariés betount. Eng Partie Aktiounen hunn d'Beruffschamberen dofir geplangt, fir den Apprentissage ze stabiliséieren.

Géif een net all zesummen agéieren, hätt een an e puer Joer net déi qualifizéiert Leit, déi ee bräicht, huet de Generaldirekter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion betount. Et kéint een zum Beispill versichen op d'Betriber anzewierke mat engem Tuteur. Dat wier eng Persoun, déi de Jonken am Alldag am Betrib begleeden a forméiere géif, an do géif et och eng Formatioun ginn, fir déi een en Diplom kréich. "Mir hunn decidéiert, déi Formatioun bis Enn dës Joers gratis unzebidden," esou den Tom Wirion, "fir en Incentive ze hunn." Un de Sue sollt et net scheiteren.

Stéchwuert Suen: d'Beruffschambere proposéieren e Fong fir d'Promotioun vum Apprentissage. Dem Adjoint-Direkter vun der Salariatskummer Carlo Frising no kéint een domat de Betriber, déi Leit an d'Beruffsausbildung huelen, zousätzlech ënnert d'Äerm gräifen.

An der Tripartite wier vun enger Primm unique geschwat ginn, ma et d'Beruffschambere wéilten dëse Fong och nach fir aner Mesure benotzen, zum Beispill am Fall, wann e Betrib misst ophalen. "Dee Moment hunn d'Kanner hire Contrat d'apprentissage bei enger Entreprise formatrice a mussen hir Formatioun kënne weidermaachen," seet de Carlo Frising, "also muss en anere Betrib asprangen, fir se z'iwwerhuelen." An och do sollt eng Hëllefsstellung méiglech sinn.

Iwwert de Fong kéint een dem Carlo Frising no och direkt d'Indemnitéiten un d'Apprentien ausbezuelen, woumat een d'Betriber finanziell an administrativ kéint entlaaschten. Wann een dann awer net genuch Betriber fënnt, déi Léierbouwen oder -Meedercher huelen, da misst no Alternative gesicht ginn. Fir datt déi Jonk keng Zäit verléiere kéint een deen Ament eng Vollzäit-Schoul proposéieren. "Dann hu mer och Schoulen, déi Atelieren hunn an déi di praktesch Formatiounen iwwerhuele kéinten."

Zanter 8 Joer gëtt et de sougenannten "Matcher", deen d'Offer vun de Betriber an d'Demande vun de Kandidaten, déi eng Léier wëlle maachen, geréiert. Dës Zesummenaarbecht tëscht dem Educatiounsminister an den zwou Beruffschamberen hätt sech bewäert, seet den Direkter vun der Handwierkerkummer Tom Wirion, dat wier eng "Best Practice". "A mir sinn der Meenung, fir dat nach besser kënnen ze maachen, een den Zerwiss ausbaue soll, an eng zweet Persoun soll do astellen."

D'Handwierk ass nom Covid net méi dat nämlech wéi virdrun, huet den Tom Wirion nach betount. D'Beruffschamberen an d'Ministère missten elo agéieren an d'Defien zesummen ugoen.

RTL: "Aarbechtsminister presentéiert nei Mesurë géint de Chômage"

Back to Top
CIM LOGO