CatholDen Abbé Jean-Pierre Reiners ass den Oktavpriedeger 2020

Roy Grotz
De Kardinol Jean-Claude Hollerich huet den Abbé Jean-Pierre Reiners mat den Oktavpriedegten fir dëst Joer beoptraagt. D'Oktav geet vum 2. bis 17. Mee.
© www.cathol.lu

Den 2. Mee fänkt mat der Muttergottes-Oktav dee gréisste Pelerinage vum Joer un, deen et fir d'kathoulesch Kierch gëtt.

Oktavpriedeger ass dëst Joer den Abbé Jean-Pierre Reiners. Deen Optrag krut de Geeschtlechen vum Lëtzebuerger Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich.

D'Oktav steet ënnert dem selwechte Motto, wéi d'Jubiläumsjoer vum Bistum "Zesumme Kierch sinn". D'Diözes zelebréiert dëst Joer hiren 150ten Anniversaire.

De Jempy Reiners (Joergang 1973), dee wärend den zwou Oktavwochen all Dag wäert seng Priedegt virun de Gleewegen an der Kathedral halen, gouf 1999 zum Paschtouer geweit an ass aktuell curé-moderateur vun der neier Por "Mamerdall St Christophe".

Nieft dëse Chargen um Niveau vun der Par-Communautéit ass de Jempy Reiners och Zeremoniar vum Äerzbëschof an National-Aumônier vun de Massendénger.

Oktavpriedeger zejoert war den Abbé Guy Diederich, 2018 war et den Abbé Daniel Graul.

D'Oktav bei d'Muttergottes fänkt den 2. Mee un (deen Dag ass och d'Nuecht vun de Kathedralen) an dauert bis Sonndes, de 17. Mee, wann dann d'Schlussprëssessioun mat der Schlussandacht ass.

Ewell zanter dem Joer 1678 gëtt et de Pelerinage bei d'Muttergottes-Statue an der Stad , déi vum Jesuittepater Jacques Brocquart virun d'deemoleg Festungsmaueren bruecht gouf. Dëst grousst Evenement vun der kathoulescher Kierch dauert vum drëtten bis de fënneften Sonndeg no Ouschteren.

De komplette Programm vun der Oktav 2020

Back to Top
CIM LOGO