D'Kuerzaarbecht gouf fir kleng Betriber opgemaach an d’Prozedure goufe vereinfacht. Esou gouf op de Prinzip vun Avancë gesat: d’Betriber konnte Kuerzaarbecht fir hir ganz Beleegschaft ufroen, och wann um Enn nëmmen en Deel heem geschéckt gouf. Eréischt nodréiglech huet der Adem misste matgedeelt ginn, wéi vill reell vum Chômage partiel profitéiert gouf. Elo gëtt den Decompte gemaach. D'Betriber, déi vun der Mesure profitéiert hunn, kréie Post mat där se wuel net esou séier gerechent haten. D'Adem freet d'Suen, déi ze vill ausbezuelt goufen, zeréck. D'Betriber hunn dofir 30 Deeg Zäit. Wie sech net un deen Delai hält, kritt vun der Adem an Zukunft keng Chômage-Subventioune méi ausbezuelt.
Vill Patrone wonnere sech iwwert d'Manéier vun dëser Demarche. Esou seet de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun: "Ech wär frou, wa mir Léisunge fannen, wou mir déi Saach méi geschmeideg handhaben. Ech wëll net, dass de Staat seng Suen net kritt. Mä mir hunn en Instrument, d’Situatioun ass nach extrem schwiereg a mir sollen elo wierklech probéieren, de Betriber esou gutt wéi et geet nach e puer Méint ze hëllefen.”
Den Zäitpunkt wär net ideal, well net nëmmen d'Adem, mä och aner Administratiounen, wéi d'Sécurité Sociale am Moment fläisseg hir Suen andreiwe géifen. Vill Handwierksbetriber géifen elo nom Summer an nom Kollektivcongé esou lues erëm ufänken, Suen ze verdéngen, a missten déi direkt ausginn fir hiren Obligatioune vis-à-vis vum Staat nozekommen.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch léisst dee Reproche net gëllen: "Wann ee Suen zeréckfreet, ass et ni de richtegen Zäitpunkt. Ech hat et awer relativ offe wärend der Krise gesot, dass déi ëffentlech Suen nëmmen fir d’Bezuele vun de Paien däerfe gebraucht ginn. Dat ass am Prinzip och an deene meeschte Betriber gemaach ginn, esou dass d’Suen do op der Säit leien, an net méi wéi e Virement gemaach muss ginn."
D'Prozedur wär vläicht juristesch korrekt, mä géif awer dat politescht Fangerspëtzegefill vermësse loossen. Grad elo, wou vill Betriber riskéieren, d'Kéier net ze kréien, géif all Su an der Keess zielen.
De Romain Schmit vun der Handwierkerfederatioun: "Iergendwann ginn d'Liquiditéiten erëm aus. Wa mir esou weiderfueren, si mir geschwënn erëm do, wou mir Mäerz/Abrëll waren. Just dass et dës Kéier d’Administratioune sinn, déi de Betriber d’Liquiditéiten entzéien, amplaz ze hëllefen, se ze ginn."