Biller, déi zënter enger Rei Wochen iwwer Land zum Alldag gehéieren. D’Meteo, déi ongewinnt héich Temperaturen an de Manktem u Reen maachen dem Bauer d’Liewe schwéier.
Normalerweis steet d’Véi nach bis Enn Oktober dobaussen, mä d’Hee, dat a Reserv ass, fir bäizefidderen, wier elo scho bal verbraucht. An awer géing et den Déieren net schlecht goen, seet de Gast Welbes, Bauer vu Kanech.
Et hätt een nach 3 Méint, wou d'Béischten dobausse solle bleiwen. Et géing een elo nawell op Reen hoffen. De Buedem wier waarm, et wieren Närstoffer do, da géing d'Wiss och séier nees gréng ginn. Am Allgemenge wier et keen Topp-Joer an dat wéisst een, ma et misst een ebe mat a fir d'Natur liewen. An dobäi misst engem bewosst sinn, datt d'Natur méi staark ass wéi de Mënsch. De Bien-être animal géing awer zu 100% agehale ginn, garantéiert de Gast Welbes.
D'Landwirtschaft leit natierlech ënnert der Meteo an erënnert grad elo op en neits drun, datt een ze vill Zäit mat deene laangwieregen administrative Prozedure géing verléieren. D'Bauere fuerdere séier Prozedure fir d'Wuel vum Déier.