
An enger Wirtschaft an der Route de Thionville an der Stad gouf en Dënschdeg de Moie géint 11 Auer e Dealer bei enger Kontroll festgeholl.
De Mann hat ganzer 60 Gramm Heroin, Geld an 2 Handyen dobäi. Dëst krut den Dealer ofgeholl a gouf séchergestallt.
De Verdächtege koum am Nomëtteg dunn och direkt virun den Untersuchungsriichter.