Invité vun der Redaktioun (6. November) - Marc Goergen"De Sozialdialog läit ënnert dëser Regierung um Buedem"

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie waren ënnert anerem de Sträit an der Piratepartei an déi politesch Aktualitéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Goergen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

“De Sozialdialog läit ënnert dëser Regierung um Buedem.” Esou huet de Piraten-Députéierte Marc Goergen en Donneschdeg de Moien hei op RTL e rezente Bréif vun der Gewerkschaftsunioun un de Premier kommentéiert. Den OGBL an den LCGB beschreiwen an deem Bréif den Aarbechtsminister Georges Mischo als Feelbesetzung. De Marc Goergen geet dovunner aus, datt et Konsequenze wäert ginn.

A sengen Ae wier d’Regierung mat hire Mesuren a Punkte Renten ze wäit gaangen a kéint och a Punkto Aarbechtszäitorganisatioun ouni d’Gewerkschaften näischt erreechen. Hien hätt nach ni esou eng “onstabil” Situatioun erlieft. Den Drock géing méi grouss ginn an d’CSV hätt elo zwee Ministeren, déi kräfteg ugeschloe wieren. “Wann et esou weider geet”, géinge senger Meenung no de Georges Mischo, mee och d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Regierung “ausgetosch” ginn.

De Marc Goergen huet och dat héieren, wat d’Wochenzeitung “d’Land” de leschte Freideg geschriwwen huet: “D’Konditioun wier, datt wann een CSV-Minister réckelt, dann och ee Minister vun der DP misst réckelen an eisen Informatiounen no, wier d’DP awer dozou net bereet.” D’Wochenzeitung d’Land huet och “héieren”, datt am Abrëll eng Regierungsëmbildung an d’Ae gefaasst géing ginn.

Piraten a “méi rouege Gewässer”

Bei de Piraten, do wier een nom heftege Sträit wéinst der “MALT-Affär” an dem Austrëtt vum Deputéierte Ben Polidori nees a “méi rouege Gewässer”, esou de Marc Goergen. Seng Relatioun mam anere Piraten-Deputéierte Sven Clement hätt sech normaliséiert. Se hätte matenee geschwat, de Sven Clement hätt sech entschëllegt an de Marc Goergen sot en Donneschdeg de Moien, hie géing och seng Kritik net méi esou ausdrécken, ewéi hien et wärend dem Sträit gemaach huet.

Wat d’Enquête ronderëm MALT ugeet, do soll de Rapport vum europäesche Parquet Enn des Jores fäerdeg sinn. D’Partei wier frou, wann de Prozess géing ugoen, esou nach de Marc Goergen.

De Marc Goergen gesäit sech oder säi “Clan” och net als deen, dee méi staark aus dem Sträit mam Sven Clement erauskënnt. No hirer Statuttereform géinge méi Leit sech d’Verantwortung deelen. D’Partei géing sech entwéckelen a kéint nei Positiounen huelen, déi net esou “piratesch” wieren.

Pirate wëlle “manner Verbueter”

Gehéiert dozou de Vott vun de Piraten d’lescht Woch a Faveur vun enger Motioun vun der ADR, déi gefuerdert huet, datt de Verbuet vun der Zouloossung vun neie Verbrennungsmotoren no 2035 réckgängeg gemaach gëtt? Sinn d’Piraten elo méi no un der ADR, ewéi un der Ekologie? “Guer net”, fënnt de Marc Goergen.

No internen Diskussioune wieren d’Pirate majoritär der Meenung, datt e Verbuet eng “Trotzreaktioun” géing ausléisen. Hie wier vun der Elektromobilitéit iwwerzeegt a mengt, datt wann déi Technologie besser wier, da géing se sech duerchsetzen.

“Manner Verbueter an der Gesellschaft”, wier eng Positioun, déi een elo méi dacks bei de Pirate géing erëmfannen.

“Ni géint déi Gréng”, mee fir “déi aarm Muffelen”

Mir hunn de Pirat dann och gefrot, firwat hie sech viru fënnef Joer esou staark fir de Schutz vun de Muffelen agesat huet a sech op déi Gréng ageschoss huet, mee een elo net méi vill doriwwer héiert, obwuel déi Déieren nach ëmmer geschoss ginn. De Marc Goergen sot et wier ëm Déiereschutz gaangen an ëm “déi aarm Muffelen”.

Et wier ni ëm déi Gréng gaangen oder déi deemoleg Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Wann elo manner géing doriwwer geschwat ginn, wier et, well et manner géing “opgegraff” ginn. D’Pirate wieren nach “kräfteg” amgaang. Esou hätt hien d’lescht Woch nach eng Fro zum Thema Klappjuegd gestallt.

De Marc Goergen huet zouginn, datt d’Piratepartei bei der Superdréckskëscht-Affär “ganz ferm op déi Gréng geschoss” hätten. Hie wier awer och nach ëmmer der Meenung, datt déi 100 Milliounen Euro do net hätten dierfen ausgi ginn.

En Donneschdeg de Moie waren ënnert anerem de Sträit an der Piratepartei an déi politesch Aktualitéit Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO