Changement am Déifferdenger GemengerotDe Serge Goffinet geet an d'Pensioun, de Pierre Hobscheit réckelt no

RTL Lëtzebuerg
Successeur gëtt de Nächstgewielte Pierre Hobscheit, deen de Posten och unhëlt. De 36 Joer ale Sozialist schafft als Conseiller am Aarbechtsministère.

Am Déifferdenger Conseil huet d'LSAP 4 Mandatairen an ass an der Oppositioun.

Geleet gëtt d'Gemeng vun enger gréng-schwaarzer Koalitioun, wou den deemolegen Deputé-Maire Roberto Traversini jo viru genee engem Joer demissionéiert hat, fir vum Christiane Brassel-Rausch ersat ze ginn. Den Här Traversini ass aktuell iwwerdeem als Sport-Coach aktiv.

PDF: Offizielle Communiqué vun der LSAP Déifferdeng

Back to Top
CIM LOGO