Fir 24 StonnenDe Premier am Spidol fir zousätzlech Tester no senger Covid-Infektioun

RTL Lëtzebuerg
De Xavier Bettel bleift 24 Stonne fir Observatioun am Spidol. Et geet drëms, no sengem positiven Test leschte Sonndeg nach e puer Tester ze maachen.

De Xavier Bettel huet sech de 27. Juni direkt an Auto-Isolatioun gesat, ganz no den Dispositioune vun der Santé. E PCR-Test hat d'Resultat vum Schnelltest confirméiert.

Als Precautiouns-Moossnam gouf elo decidéiert, datt de Premier wärend 24 Stonnen an der Klinik bleift an do observéiert gëtt.

Weider Detailer iwwer de Gesondheetszoustand vum Xavier Bettel ginn net genannt. Virun e puer Deeg war Rieds vu liichte Symptomer a Kappwéi.  Den DP-Politiker hat de 6te Mee déi éischt Dosis AstraZeneca gesprëtzt kritt.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Xavier Bettel sous observation médicale pour tests supplémentaires après une infection à la Covid-19 (04.07.2021)

Communiqué par: ministère d'ÉtatAprès avoir été testé positif à la Covid-19 le 27 juin 2021, le Premier ministre s'est rendu à l'hôpital aujourd'hui pour faire des tests et analyses supplémentaires.

Par précaution, et sauf contre-indication médicale, le Premier ministre y restera sous observation pour une durée de 24h.

Back to Top
CIM LOGO