
De Marc Goergen géing net just Memes blockéieren, fir seng Famill ze schützen.
De Piratendeputéierten Marc Goergen huet och sougenannt "Memes" gemellt a geläscht, wou et just ëm hie geet an net ëm seng Famill. Dat seet de Joé Mersch, Bedreiwer vun esou enger Internetsäit,widdersprécht domadder dem Marc Goergen hei op RTL.
https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1570389.html
“Memes” si Fotoen mat offensichtleche Manipulatiounen a satireschen Texter an de Marc Goergen sot, d’Piraten hätten näischt géint esou Memes, soulaang net d’Famill mat eragezu gëtt. Wat awer de Fall wier.
Instagram huet awer effektiv och op d’mannst ee "Meme" blockéiert, wou just de Marc Goergen viséiert ass an dat op Demande vum Piratendeputéierten, sou de Joé Mersch.
Et handelt sech ëm e Fotomontage wou de Räpper „Bazooka Brooze“ uewe seet : "Wie fëmmt Owes säin Chu (en Joint) an da Hood? Baut en Laang, Marc Goergen“. Dorënner sinn zwou Fotoen vum Pirat dovunner eng mat mat engem fotomontéierten Joint am Mond.
De Piratendeputéierten hat och eng Plainte géint den Instagram-Konto vum Joé Mersch gemaach an zwar wéinst Identitéitsbedruch, well de Joé Mersch eng Zäit laang eng Foto vum Marc Goergen als Profilbild op Instagram hat. D‘Plainte wier awer zeréckgezu ginn, wéi puer “Memes“ vum Internetsite erofgeholl goufen.
Op d’Fro, ob déi Memes net trotzdem bëlleg oder ënnert der Gürtellinn wieren, äntwert de Joé Mersch "eigentlech net".
Eng ëffentlech Persoun misst domadder rechnen, datt een en och op d’Schëpp hëlt. An deem Sënn wier dem Joé Mersch no och net novollzéibar, datt Instagram d’Foto blockéiert huet, mam Argument, eng privat Persoun géing „erniddregt a beschämt“.
De Joé Mersch versteet net, wéi grad ee Member vun der Piratepartei esou eng Affer-Roll anhuele kéint. Memes wieren net geduecht, fir Leit fäerdeg ze maachen, mee fir op kreativ a Mol provokativ Aart a Weis d’Leit z’ënnerhalen.
Ufanks d’lescht Joer hat de Joé Thein vun „déi Konservativ“ eng Plainte géint de Marc Goergen gemaach, well hien de Joé Thein als Rietsextremist bezeechent hat. An deem Fall hat de Piratendéputéierten gemengt, d’Land hätt ee Problem, wann esou eng Affär viru Geriicht lant.

Marc Goergen: Politesch Satir ass ok, ma wann d'Famill mat eragezu gëtt, hält de Spaass op