Flavio Becca"De Logementsecteur brauch eng Tripartite"

Anne Wolff
D'Immobiliepräisser sinn 2020 ëm 14,5% geklommen. D'Demande klëmmt nawell weider a Lëtzebuerg bleift eng gefrote Wunn-a Schaffplaz.
© Serge Estgen / RTL

De Promoteur Flavio Becca huet seng neiste Projete presentéiert an dobäi aus senger Siicht verschidden Ursaache fir d'Präisentwécklung zu Lëtzebuerg genannt.De Flavio Becca wiert sech géint d'Culpabiliséiere vun de Promoteuren. Hie gesäit eng Ursaach vun de Präisser zu Lëtzebuerg an diverse Steieren an administrative Retarden, déi duerno de Consommateur bezuele misst.

Move Immofoire/Reportage Anne Wolff

Vun der proposéierter Spekulatiounstaxe op Bauland, wat broochläit, hält den Entrepreneur net vill:

Wéi gi mir da remuneréiert, duerch eng Taxe, déi mir misste kréien, wou mir d'Geneemegungen net schnell genuch erbäikréien, wou mir Projeten eragereecht hunn, an et geet awer net virun, fir eng Geneemegung ze kréien.“

Fir de Flavio Becca misste sech all d'Acteuren un en Dësch sëtzen. Dofir proposéiert hien eng Logementstripartite:

Wa mir fréier an der Siderurgie e Problem haten, dann ass eng Tripartite ageruff ginn. Firwat gi mir net hin an huelen haut de Staat, d'Gemengen an déi privat Promoteuren alleguer un en Dësch? Mir schwätze vum Pacte logement, mee dat ass eng Lacune, déi mir dodran hunn, dass mir missten eng Tripartite organiséieren, an dass mir eng Kéier d'Punkten alleguer mateneen diskutéiere kënnen a wou mer da vläicht kënnen e richtege Konsens fannen, wéi kann een dat besser maachen, fir dann de Wunnraum op eng richteg Schinn an e richtege Präis ka bréngen“

Vill Projete wiere scho laang prett, fir lancéiert ze ginn, seet de Flavio Becca. Allerdéngs géingen d'Geneemegungen op verschiddene Plazen zanter Joren op sech waarde loossen. Och dat géing Sue kaschten.

Dat ass och e Facteur, wou et ganz ganz problematesch gëtt. Et ka jo net sinn, dass ee Projet tëschent 5 an 10 Joer brauch, éier en iwwerhaapt ka geneemegt ginn“.

De Flavio Becca huet mat dem Ausbau vun der Cloche d'Or ee vun deene gréisste Bau-Projeten an Europa realiséiert. Op 700.000 Quadratmeter ginn hei Residencen, Büroen a Commercë gebaut. D'Metercarréspräisser leie bei verschiddene Biene bei iwwer 15.000 Euro.

Back to Top
CIM LOGO