
D’Monica Camposeo war zu Potsdam an de Max-Planck-Institut an huet do de Kosmolog Dr. Jean-Luc Lehners getraff. Fir hien sinn dës Froen säin Aarbechtsalldag. Gëtt et d’Onendlechkeet? Wéi ass den Universum entstanen? Kann iwwerhaapt eppes aus dem Näischt entstoen? Dat si Froen, déi sech d’Mënschheet schonn ëmmer gestallt huet, esou gesäit dat de lëtzebuergesche Kosmolog Jean-Luc Lehners. Fir hie stoung scho fréi fest, dass hie méi doriwwer erausfanne wëll.
„Ech war vu klengem un u Stären a Planéiten interesséiert a wollt dunn ëmmer méi doriwwer wëssen. Als Kand hunn ech et och einfach interessant fonnt ze verstoen, wisou et Dag a Nuecht gëtt. Wisou de Mound déi Form huet, déi en huet. Eist Liewen op der Äerd gëtt jo ganz direkt vun all dëse Saachen beaflosst, déi all vun der Astronomie erkläert ginn. Normalerweis denkt een net esou vill doriwwer no, mee wann ee bis ufänkt, mierkt een, dass een do ëmmer ka weidermaachen.“
No der Première am Lycée Michel Rodange huet de Jean-Luc Lehners am Imperial College zu London Physik studéiert. De Schwéierpunkt stoung awer och deemools scho fest, an esou ass d’Wiel ganz dacks op méi theoretesch Fächer gefall.
„Et kann een net direkt Kosmologie studéieren, well fir den Universum am Ganze kënnen ze beschreiwen, brauch ee ganz vill aner Deeler vun der Physik, déi all matenee verbonnen ginn. Dat heescht, et muss een als éischt allgemeng Physik studéieren an da kann ee sech spezialiséieren an der Astrophysik oder an der Kosmologie. Mee am Hannerkapp hat ech awer ëmmer, dass ech wéilt Kosmologie maachen.“
Haut schafft den Dr. Jean-Luc Lehners am Max-Planck-Institut fir Gravitatiounsphysik. Am Büro hänkt eng grouss Tafel, op där komplizéiert Rechnunge stinn. Um Schreifdësch eng ganz Rei Ziedele mat Notizen a e puer benotzten Kaffistasen. Den Aarbechtsalldag als Kosmolog wier net wéi deen an engem klasseschen Bürosjob.
„Den Aarbechtsalldag ass vill rechnen, well mir vill mathematesch Modeller opstellen an da probéieren mer auszerechnen, wat d’Konsequenzen dovunner sinn. An e groussen Deel ass diskutéieren mat aneren Kollegen, well normalerweis mévht een déi Rechnungen net eleng, mee éischter zu zwee oder zu dräi. Wann een hänkebleift, diskutéiere mer zesummen, fir ze kucken, wéi mer weiderkommen. Et ass keen Standard-Bürosdag, wou ee vun 8 Auer moies bis 5 Auer mëttes schafft, well et weess een jo och ni, wéini een déi gutt Iddie kritt. Jo, dat a vill Kaffi drénken.“
Eng Fro, un där den Dr. Jean-Luc Lehners den Ament schafft, ass déi nom Ufank vun eisem Universum. Mat senge Kolleginnen a Kollegen probéiert hien erauszefannen, wéi sech den Universum als Ganzt entwéckelt.
D'Astronomie ass e vaste Sujet, vill ass erausfonnt ginn, vill och erëm verworf an e puer Theorien konnten och tatsächlech bewise ginn. Ma wéi eng sinn déi lescht grouss Leeschtungen an der Astrophysik an huet d'Cosmologie iwwerhaapt een Afloss op eisen Alldag?
Den 10. Abrëll hunn eng ganz Rei Zeitungen op hirer éischter Säit e Bild gedréckt, op deem een eng Zort Krees gesäit, deen ze liichte schéngt. Den Hannergrond ass pechschwaarz. D’Foto ass zwar e bëssen onschaarf an awer ass et en historeschen Duerchbroch. Et geet ëm eng direkt Opnam vun engem schwaarze Lach. Fir den Dr. Jean-Luc Lehners ass dës Foto de Beweis vu jorelaanger Aarbecht an der Kosmologie.
„D’Physiker ware sech relativ sécher, dass dat esou war, wéi e schwaarzt Lach misst ausgesinn, mä et hat awer nach keen eent gesinn. An dat ass dann immens, wann s de esou e Bild gesäis an et entsprécht zimlech genee deem, wat d’Physiker sech erwaart hunn. Dat ass wierklech erstaunlech an et weist, dass dat schonn richteg verstane war a beemol huet een de Beweis, dass et dat wierklech gëtt. Dat mécht en Ënnerscheed. Vun deem Moment un denkt een awer anescht iwwer schwaarz Lächer no, well een elo weess, dass mer se gesinn hunn.“
Sécherlech hu vill Leit bei engem schwaarze Lach éischter un en donkelen Objet geduecht an net un e liichtende Krees. Mee wisou liicht e schwaarzt Lach dann iwwerhaapt?
„Déi Matière, déi no un e schwaarzt Lach kënnt, mee net direkt erafält, mee fir d’éischt ronderëm dréint, déi fänkt un, extrem schnell do ronderëm ze dréinen. Wéint där staarker Gravitatiounskraaft gëtt d'Matière extrem waarm a fänkt dann u mat liichten. Doduerch entsteet dann eng Zort helle Réng ronderëm e schwaarzt Lach.“
D’Astrophysik, also d’Léier, déi den Opbau an déi physikalesch Beschafenheet vum Weltall erfuerscht an d’Kosmologie, d’Léier vun der Entstehung an der Entwécklung vum Weltall, hëllefen eis, eis Welt besser ze verstoen. Ma heiansdo schéngen dës Gebidder awer éischter wäit ewech vun eisem Alldag ze sinn.
„Fir den Alldag besser ze verstoen, huet een ëmmer besser Theorië gebraucht. An all Kéiers, wann esou nei Theorië fonnt ginn, da ginn och Applikatiounen fonnt, fir dat dagdeeglecht Liewen. Zum Beispill huet d’Relativitéitstheorie dozou gefouert, dass mir elo de GPS hunn. Mä dat ass dann net d’Haaptzil.“
Am Virdergrond steet fir de Kosmolog de Virwëtz an den Interessi, eisen Universum besser ze verstoen. Well et eben einfach Spaass mécht, iwwert esou Froen nozedenken, esou den Dr. Jean-Luc Lehners.