Kanu-Verbuet am FréijoerDe Kanusport op der Sauer soll nei gereegelt ginn

Carine Lemmer
De Floss soll méi geschützt ginn an et wëll een eng eenheetlech Léisung fir béid Säite vun der Sauer, also fir Lëtzebuerg an Däitschland.
Eenheetlech Reglementer fir d'Kanufueren op der Sauer
Bis ewell hat Däitschland a Lëtzebuerg verschidde Reglementer, wéini een op der Sauer dierft mat Booter fueren. Dëst soll sech elo änneren.

Dofir schaffen déi zwou Regierungen och zesummen. Hei am Land leeft en plus eng Consultatioun mat de concernéierten Acteuren, ënnert anerem mam Tourismus, de Gemengen, Campingen, dem Kanusport an der Fëscherei. Déi eng begréissen d'Ännerungen, speziell am Tourismusberäich ass een awer méi skeptesch.

Kanufueren op der Sauer / Reportage Carine Lemmer

Wat ass den Ament geplangt? Am Fréijoer, vu Mäerz bis Mëtt Juni, soll de Kanu, Kayak oder de Stand up Paddle op der Sauer verbuede ginn. Dann ass d'Läichzäit vu villen Déieren.

Et soll e Mindestpeegel am Summer gëlle fir ze fueren, 60 Zentimeter zu Bollendorf sinn aktuell virgesinn. An et sollen definéiert „Ran- a Rausklamm-Plaze“ ginn, fir d'Natur besser ze schützen. A fir Uerdnung ze suergen.

De Kanu ass beléift op der Sauer. Wéi vill der zu Spëtzenzäiten ënnerwee sinn, ass net gewosst. Riets geet vun honnerten, wann net 1.000 den Dag. Deels gëtt et scho Gedrécks a mam Paddel gëtt, wann de Peegel niddreg ass, d'Flossbett opgerappt.

Wat een och muss wëssen, elo schonn ass am Summer, vum 15. Juli bis den 1. November, de Kanu op der Sauer verbueden. Zanter 1994 ass dat scho sou. Mä op der däitscher Säit gëtt sech net dorunner gehalen. Wat fir Frust bei de Lëtzebuerger Betriber suergt.

Den Ëmweltministère an d'Regierung vu Rheinland-Pflalz wëllen elo eng gemeinsam Léisung. De Verbuet am Fréijoer mécht duerchaus Sënn, fënnt de Christophe Origer, President vum ORT Mëllerdall.

„Dat ass relativ eng gutt Saach. Well de Moment hu mer ochdräi an en hallwe Mount wou een net ka fueren. Dat ass awer eben am Summer. Dat hei soll elo an de Fréijoer geluecht ginn, vu Mäerz bis Juni. Dat ass éischter gutt. Dat ass d'Läichzäit vun de Fësch. Dat ass am Sënn vum Ëmweltschutz eng gutt Ännerung.“

Och déi definéiert Plaze fir Ran- a Rauszeklamme gi begréisst. Suerge mécht awer de Peegelstand.

„Wann et bäibehale gëtt, wann de Peegelstand bei 60 soll leien, dat steet jo nach zur Diskussioun, da kënnt een an eng Situatioun, wou ee riskéiert, datt ee vun Ufank Fréijoer bis Enn vum Summer/Ufank Hierscht guer net kéint fueren. Well een an de Summerméint rare de Peegel 60 huet. Dat wär fir den Tourismus hei an der Regioun definitiv net gutt.“

Dat wier awer net gutt fir d'Campingen oder d'Kanulocatiounen.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass sech deem Problem bewosst. An huet dowéinst d'Avisen vun de Concernéierte gefrot.

„Et ass ganz kloer, datt de Peegel, dee mer elo virschloen, an der Optik ass vum Schutz vun eise Gewässer. 60 Zentimeter wär dee Wäert, wou mer sécher wären, datt mer d'Liewen am Waasser an den Ekosystem schützen. Mä natierlech muss een hei e Mëttelwee fannen. Dofir maache mer och déi Consultatioun, fir dass déi Leit, déi hir Aktivitéit do ubidden, hir Meenung mat op de Wee ginn.“

Hiert Zil wär et, de Kanusport am Summer z'erméiglechen, präziséiert d'Carole Dieschbourg. Ëmweltschutz an de Kanutourismus solle kombinéiert ginn. Et sollen awer onbedéngt déi selwecht Reegelen op béide Säite vun de Sauer gëllen. Dat fënnt och de Christophe Origer:

„Dat ass definitiv e grousse Problem. Datt mer den Ament eng Gesetzgebung hunn, déi op Lëtzebuerger Säit respektéiert gëtt, op däitscher Säit net onbedéngt. An de Summerméint däerfs de op Lëtzebuerger Säit net fueren an op däitscher Säit klamme se awer an de Kanu.“

D'Ministesch weist sech och oppe fir Ausnamen zum Beispill um Ouschter- oder um Päischtweekend. Um Trainings-Parcours tëscht Angelduerf an Dikrech an um Stau zu Rouspert bleift de Kanusport och dat ganzt Joer erlaabt. Bis de 15. Oktober leeft nach d'Consultatioun.

Back to Top
CIM LOGO