PréizerdaulDe Fernand Muller iwwerhëlt de Posten als 1. Schäffen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Budgetsvirlaag fir 2021 de 17. Dezember refuséiert gouf, koum et am Préizerdaul zu engem Mësstrauensvott.
© RTL Archivbild

Mat 7 Jo- géint 2 Nee-Stëmme gouf d'Demande fir d'Neibesetzung vum Schäfferot deemno majoritär vum Gemengerot ugeholl.

De Marc Gergen bleift Buergermeeschter. De Poste vum 1. Schäffen geet un de Fernand Muller, deen de René Zigrand domat ofléist. 2. Schäffen ass weiderhin de Marc Rehlinger.

PDF: Schreiwes vun der Gemeng Préizerdaul

Back to Top
CIM LOGO