Et ginn am Land iwwer 500 Beem, déi de Stempel "Arbre remarquable" droen. Fir deen ze kréien, muss e Bam verschidde Critèren erfëllen: déi gi vun Alter, iwwer Ëmfang bis bei Héicht a Form.
Am Dossier iwwer remarkabel a national geschützte Beem weise mir un 3 Beispiller, dass et vill schéin a schützenswäert Beem ginn, déi op kenger Lëscht stinn a mir werfen d’Fro op, wien um Enn fir hiert Iwwerliewe responsabel ass.Informatiounen iwwert "Arbres remarquables" ginn et op Ëmwelt.lu, hei gëtt et de PDF vum Depliant "Les arbres remarquables - Un Patrimoine à protéger/Les subsides accordés pour assurer leur entretien".

D'Solitairen, grouss a meeschtens iwwer 100 Joer al Beem, déi net laanscht eng Strooss stinn, mee an oder um Bord vun engem Feld oder enger Wiss.
Dës Beem an hir Wuerzelen – hei sinn et virun allem Bichen - sinn der hautdesdaags zimmlech aggressiver Landwirtschaft ausgeliwwert a ginn duerch d'Gesetz vun 2018 net genuch geschützt.
Méi Detailer ginn et am Artikel "Modern Landwirtschaft -
E luest an onnéidegt Bamstierwen" vum 30. Dezember 2019.
De Bauer Guy Temperl reagéiert a betount, si wiere kéng Béis, déi express Beem futti maachen. Hien ass Piechter vun enger Parzell mat engem "Arbre remarquable" drop, eng Eech, déi krank ass an op enger Säit e Lach huet.

D'Froen déi sech hei stellen sinn: Wie kritt d'Subventiounen? De Proprietär oder de Piechter? U wien adresséiert ee sech a sou engem Fall? Wee kontrolléiert dat?


Dës Eech steet um "Inventaire supplémentaire des monuments historiques" an ass och en "Arbre remaquable".
De Paul Bleser, deem d'Eech gehéiert, stellt sech hei déi eng oder aner Fro. Wat ass wann elo gebaut gëtt a si komme senger Eech ze no? Wien hëlleft him a senger Eech?

huet op dës a weider Froen, déi am Reportage opgeworf goufen, am Interview reagéiert.