Denkt drunD'Auer gouf an der Nuecht op e Sonndeg 1 Stonn no hanne geréckelt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg um 3 Auer gouf d'Auer vu Summer- op Wanterzäit geréckelt, dat heescht 1 Stonn no hannen op 2 Auer.

E Sonndeg de Moien konnt een eng Stonn méi laang schlofen. D'Auere goufen op d'Wanterzäit ëmgestallt. Um 3 Auer goufen d'Zären also eng Stonn -deemno op 2 Auer- zeréckgesat. Dofir gëtt et, wéi et sech fir de Wanter gehéiert, awer och eng Stonn méi fréi däischter.

Mat dëser Ëmstellung gëllt ënnert anerem fir Lëtzebuerg elo déi sougenannt Normalzäit. Dës gëtt och Mëtteleuropäesch Zäit, an der Ofkierzung MEZ genannt, an huet eng Differenz vu genee enger Stonn zu der Weltzäit.

D'Zäitëmstellung sollt dem Wëllen vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no eigentlech elo ofgeschaaft ginn. Et gëtt awer gréisser Schwieregkeeten bei der Ëmsetzung vun deem Plang. D'EU-Memberstaate gi sech bis ewell net eens, wéi genee se déi Ofschafung wëllen ëmsetzen. Wéi et weidergeet ass bis ewell onkloer, de ganze Plang kéint esouguer nach kippen.

No enger Online-Ëmfro, bei der 84 Prozent vun de Befrote sech fir d'Ofschafung vum Wiessel ausgeschwat haten, hat de Jean-Claude Juncker am September zejoert annoncéiert, dass domat dann elo Schluss soll sinn. Fir d'Zäit schonn dëst Joer eng leschte Kéier ëmzestellen, doriwwer gouf et vun Ufank u Bedenken. D'Kritiker hunn dacks argumentéiert, dat géif Problemer fir d'Pläng am internationalen Zuchverkéier an fir d'Fluchhäfe mat sech bréngen.

Iwwerdeems kéint all EU-Land duerno selwer decidéieren a wéi enger Zäitzone et permanent bleiwe wëll. Wann d'Länner sech net koordinéiere géifen, géint et bannent der EU beemol e ganzen Koup verschidden Zäitzonen ginn.
Eng Propos fir e Kompromëss ënnert der éisträichescher Presidence, fir eng Ofschafung am Joer 2021, fir also nach e bëssen Zäit ze hunn, hat awer och keng Majoritéit fonnt.

Summer- oder Wanterzäit? Mir hu bei de Leit nogefrot!

Back to Top
CIM LOGO