Bei den 100 Milliounen Euro sinn och Indemnisatiounen fir Material a Miwwelen, déi duerch den Tornado zerstéiert goufen, mee awer och d’Relogementskäschte fir Leit, déi net méi kënnen doheem wunnen, sou de Marc Hengen.
Den Administrateur-délégué sot et wier lo un den Assurancen, fir mat de betraffene Leit ze kucken, wéi laang se nach mussen am Hotel wunnen a wéi dat finanziell gereegelt gëtt.
Nächst Woch kéint et eng Koordinatiounsversammlung vun den Assurancëgesellschafte ginn, fir dat sou séier a sou gutt wéi méiglech z’organiséieren.
Vum Marc Hengen war et iwwregens nach de Message un d’Leit, datt se nach ëmmer kënnen e Schued mellen, och wa se dat bis elo nach net gemaach hunn.