CGDISDampentwécklung zu Esch an Accident zu Leideleng

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng Dampentwécklung kuerz no Hallefnuecht zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle, an engem Industrie-Gebai.

Detailer leien eis keng vir, mä et gouf kee Blesséierten. D‘Escher Pompjeeë goufe vun hire Kolleegen vun Schëffleng, Suessem-Déifferdeng a vu Monnerech ënnerstëtzt.

Zu Leideleng war e Méindeg den Owend kuerz no 21 Auer en Automobilist vun der Strooss ofkomm a war an e Lutepotto gerannt. D’Secouriste vu Leideleng, Schëffleng a Beetebuerg waren op der Plaz, an de Chauffeur koum blesséiert an d’Klinik.

Back to Top
CIM LOGO