SteierhannerzéiungCumEx-Fäll och hei am Land

RTL Lëtzebuerg
Wéi vill Suen hei am Land hannerzu goufen, konnt oder wollt de Finanzminister awer net soen.
© AFP

Hei zu Lëtzebuerg hätt d'Steierverwaltung "eng Rëtsch" esou Affären un d'Justiz weidergeleet, sou de Finanzminister e Freideg no enger Sitzung vun der Chamberfinanz- a Budgetskommissioun. Senges Wëssens wier nach keng Enquête ofgeschloss, sou de Finanzminister. De Pierre Gramegna konnt, oder wollt, och weder eng Zuel nennen, wéi vill Geld hannerzu kéint gi sinn, dat wéinst dem Steier- an Instruktiounsgegeheimnis.

CumEx-Fäll zu Lëtzebuerg / Reportage François Aulner

D'CSV ass frustréiert an hiren Deputéierte Laurent Mosar gesäit an där Approche déi selwecht, wéi bei der Affär ëm déi geheim Datebanke vu Police a Justiz.

D'Ursaach, firwat d’Steierverwaltung wéineg iwwert dës Affäre kéint soen, wier dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot no dorobber zeréckzeféieren, datt d'CumEx-Operatioune ganz komplex sinn. Dëst, well et ëm Transaktiounen handelt, déi séier geschéien an international vernetzt sinn. Dowéinst wier et och iwwerhaapt schwéier, esou Frauden ze detektéieren.

Am Ausland goufen deels Reegele schonn ugepasst. Déi Lëtzebuerger Regierung wëll Initiative vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzen, fir d’international Kooperatioun vun den Autoritéiten ze stäerken.

Back to Top
CIM LOGO