„Best-Of“-Parlamentaresch FroCSV schafft am Ganzen 50 Froen aus

RTL Lëtzebuerg
Fir déi gréissten Oppositiounspartei gëtt et eng Urgence am Rechtsstaat. Et géif een alles nëmmen häpperchersweis a mat Drock gewuer ginn...
Geheime Casier: CSV mécht och an der Vakanz Drock
Fir déi gréissten Oppositiounspartei gëtt et eng Urgence am Rechtsstaat. Et géif een alles nëmmen häpperchersweis a mat Drock gewuer ginn...

D'CSV gëtt sech net am Dossier „geheime Casier“. Fir déi gréissten Oppositiounspartei gëtt et eng Urgence am Rechtsstaat. Et géif een alles nëmmen häpperchersweis a mat Drock gewuer ginn, d'CSV wëll sech domat net zefridde ginn. Et géif een net fir sech selwer schaffen, mä fir d'Bierger, fir de Rechtsstaat, sot d'CSV-Fraktioun de Moien op enger Pressekonferenz.

Gilles Roth iwwer "geheime Casier"

D'CSV wëll Äntwerten op hir nach oppe Froen. Dofir hunn d'Deputéiert Laurent Mosar a Gilles Roth eng nei, grouss „Best-Of“-Parlamentaresch Fro ausgeschafft mat am Ganze 50 Froen.

Laurent Mosar iwwer geheime Casier

Weider freet d'CSV, datt fir d'Rentrée eng 10 Leit, respektiv Institutiounen an der parlamentarescher Kommissioun solle gehéiert ginn, fir Kloerheet an den Dossier ze bréngen. Zum Beispill de Parquet général oder den Droitsprofesser Stefan Braum.

D'Chamber sollt och vun Ufank un beim Ausschaffe vun eventuell neien Dateschutzgesetzer involvéiert sinn...d'CSV gesäit dës Initiativen am Sënn vum Alex Bodry sengem Opruff „Ma merde, mir sinn de Legislateur“, datt also och d'Chamber soll aktiv ginn, fir den Dateschutz ze verbesseren.

En Dënschdeg hate mer gemellt, datt et Perquisitioune gouf bei der Post a bei Join. Et war d'CSV, déi deen Dossier zejoert am November thematiséiert hat, sot de Moien den Deputéierte Laurent Mosar.

D'CSV wär deemools béis an de Mond geholl ginn, dat wär „geschäftsschiedegend“ fir d'Post gewiescht. De Laurent Mosar léisst dat net gëllen:

De Laurent Mosar iwwer "Join"

D'CSV huet de Moien och dat geplangte Waffegesetz kommentéiert...de Staatsrot hätt dat Gesetz „ofgeschoss“, mat 26 Oppositions formellen, wéi d'CSV gezielt huet. D'Regierung misst wahrscheinlech en neien Text virleeën, géif d'Grondrechter vun de Bierger net respektéieren.

Hei den offizielle Communiqué vun der CSV

Back to Top
CIM LOGO