No der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden en Dënschdeg reagéieren e Mëttwoch dee ganzen Dag iwwer d'Deputéiert an der Chamber. Wärend et vun de Majoritéitsparteien CSV an DP Luef gouf, hunn LSAP, ADR a Gréng nawell net mat Kritik gespuert.
D'Situatioun wier schwiereg, mee awer och net sou schlëmm, wéi deelweis vun der Oppositioun duergestallt, huet den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet gemengt an änlech wéi de Premier Luc Frieden nach eng Kéier eng ganz Partie Mesuren opgezielt, déi dës Majoritéit an deene leschten 2,5 Joer ëmgesat huet. Hien huet awer och Fuerderunge vun der Oppositioun, déi zu engem besseren Ausgläich vu Beruffs- a Privatliewe bäidroe sollen, mat Bléck op déi wirtschaftlech Situatioun als onrealistesch zeréckgewisen.
"Ech si keen Ekonomist, mee wann een eng 38-Stonne-Woch bei vollem Lounausgläich fuerdert, eng 6. Congéswoch fuerdert an zousätzlech eng substantiell Hausse vum Mindestloun, da stellen ech ganz einfach d'Fro: Wéi soll dat an Zukunft eigentlech erwirtschaft ginn? An enger Zäit, wou mir keng Croissance vu 5 Prozent hunn, wou d'Produktivitéit ënner Drock steet, wou vill Betriber keng Leit fannen."
Den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum huet gemengt, datt vill Famillje wéinst den héije Präisser beim Logement, der Energie an och soss am normalen Alldag den Androck hätten, datt et hinnen haut manner gutt geet wéi nach virun e puer Joer. Dofir wier et wichteg gewiescht, d'Leit scho virun der Tripartite ze entlaaschten an och, datt ee Plang fir d'Bekämpfung vun der Aarmut ausgeschafft gouf.
D'LSAP-Fraktiounspresidentin Taina Bofferding huet hirersäits bedauert, datt een an der Ried vum Luc Frieden kee Wëlle fir grouss Verännerunge fir gesellschaftlechen Ausgläich héieren oder gespuert hätt. Dobäi wier elo net de Moment fir Gepléischters, mee et misst een déi aktuell Kris notzen, fir Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten ze behiewen. Virop am Beräich vum Logement:
"Mir mussen ophalen, iwwerflächlech d’Symptomer ze bekämpfen, mee de Probleem strukturell upaken an dofir braucht et Courage. Et braucht Courage, fir de Spekulanten de rouden Teppech ze entzéien an amplaz d'Immobiliséierungssteier weider ze verwässeren, ass et wichteg, datt déi zesumme mat der Grondsteier an der Leerstandssteier endlech ëmgesat gëtt. Fir méi séier a méi bëlleg ze bauen, sollt op seriellt Baue gesat ginn, fir transparent, gerecht a stabil Loyere braucht et eng national Loyerskommissioun, ee richtege Mietspiegel."
Den ADR-Fraktiounspresident Fred Keup huet virop kritiséiert, datt am Premier senger Ried d'Liewensrealitéit vun engem Deel vun der Populatioun ausgeklamert gi wier an et un enger Visioun gefeelt hätt, wéi Lëtzebuerg an 20 Joer soll ausgesinn. Dee gréisste Problem vum Land wier iwwerdeems de Wuesstem vun der Bevëlkerung.
"1990 hate mir 380.000 Awunner a ronn 180.000 Aarbechtsplazen. Haut sinn et bal 700.000 Awunner an iwwer 500.000 Aarbechtsplazen. Dësen Zouwuess huet eis an eng richteg Wuesstemsfal erabruecht, sou wéi de Jean-Claude Juncker et virausgesot huet. An d’Problemer ginn net méi kleng, se gi méi grouss: Verbauung, Zersiedlung, Stau, Verloscht vun eiser Kultur, Zerstéierung vun der Natur, Infrastrukturmangel, Personalmangel beim Staat, Aarmut an e Pensiounsproblem, deen ëmmer no hanne verréckelt gëtt a méi grouss gëtt."
Et géing een och gesinn, datt d'Integratioun vun deene Leit, déi nei an d'Land kommen, ëmmer méi schlecht ofleeft. Fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft ze stäerken, misst d'Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch gestäerkt ginn, virop an der Schoul. Dowéinst wier d'Alphabetiséierung op Franséisch dee falsche Wee.
D'Spriecherin vun der grénger Sensibilité politique Sam Tanson huet gemengt, datt vill Leit déi rezent an aktuell Krisen, zum Beispill Corona, den Ukrain-Krich oder de Klimawandel net gutt verdaut hätten. Dowéinst wier et besonnesch wichteg, wat bei der Tripartite erauskënnt. Ee Punkt, dee Suerge maache géing, wier d'Situatioun um Aarbechtsmarché.
"De Chômage zu Lëtzebuerg läit bei 6,3 Prozent, e geet kontinuéierlech an d'Luucht zanter 2023. Mir hu 24.000 Mënschen hei am Land, déi eng Aarbecht sichen a keng fannen. Den FMI nennt den Aarbechtsmarché sluggish. Nach méi besuergniserreegend ass awer de Chômage vun deene Jonken, deen ass bei eis méi héich wéi an der EU-Moyenne a läit bei 20 Prozent."
Grad bei deene Jonke géing et un Äntwerte feelen, sief et am Schoulsystem, der Orientéierung oder der Motivatioun vu Betriber, fir engem Jonken eng Plaz ze ginn.
Zanter 14 Auer ginn d'Debaten zum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun um Krautmaart virun: De Sven Clement vun de Piraten huet sech dru gesteiert, datt de Premier net genuch op d'Mëttelklass agaange wier. D'Mëttelklass géif am politeschen Debat ze dacks ze kuerz kommen a grad fir si bräicht et méi cibléiert steierlech Avantagen. Och wier de Logement net däitlech genuch als Kris bezeechent ginn, kloer Mesuren hätte gefeelt. E Manktem un Transparenz géif et och bei der Budgetspolitik ginn: Dem Pirat Sven Clement no géifen déi vill Scholden déi zukünfteg Generatiounen bestrofen.
Den David Wagner vun déi Lénk huet vun enger Ried ouni grouss Iwwerraschunge geschwat: Och hie kritiséiert, datt et u konkreten Aussoen a punkto Logement a Steieren gefeelt huet. D'Kapital misst méi konsequent besteiert ginn, anescht wier d'Finanzéierung vun de Mesuren net nohalteg méiglech. De Prinzip, datt manner Steieren op d'Kapital der ganzer Gesellschaft géif ze gutt kommen, hätt nach ni funktionéiert, esou nach den Deputéierten vun déi Lénk.
Den David Wagner huet och appelléiert, datt eng strukturell Mindestloun-Erhéijung, esou wéi d'Gewerkschaften se fuerderen, der Wirtschaft géif ze gutt kommen.
Zum Schluss huet de Luc Frieden nach emol d'Wuert kritt: Et hätt ee bewosst keng Budgetsried gehalen, dat wier dem Finanzminister säin Exercice. Ma d'Richtung wier awer kloer:
"Mir brauche gesond Staatsfinanzen, well dës Regierung wëllt net d'Steieren erhéijen. An e puer sinn der haut hei opgetrueden, déi als Léisung bruecht hunn, Steieren hei oder do ze erhéijen. Mir wëllen dat net. Dës Regierung ass ugetrueden fir méi Netto vum Brutto. Da muss een dat och konsequent duerchféieren. An duerfir hu mer den Tarif schonn ugepasst un d'Inflatioun direkt e puer mol. Duerfir wëlle mer déi Steierreform maachen."
D'LSAP an déi Gréng haten am Ganze 5 Motiounen deposéiert, ënnert anerem fir eng Krisen-Cellule fir de Logement an d'Liewen ze ruffen oder och nach d'Steiererliichterungen manner breet ze cibléieren. Alleguerten d'Motioune goufe refuséiert.