
RTL Lëtzebuerg organiséiert kee Gewënnspill, bei deem Facebook-Notzer en iPhone X gewanne kënnen. Dëst ass eng Arnaque vun enger Facebook-Säit, déi d'Logo vun RTL Lëtzebuerg benotzt.
An enger privater Noriicht kréien déi angeeblech Gewënner matgedeelt, dass si just fir de Versand opkomme mussen an dofir d'User ID, Passwuert an OTP vun hirem Online-Banking-Kont sollen uginn.
D'Empfänger vum Message sollen op keen Fall dorop äntweren.
Generell organiséiert RTL keng Gewënnspiller, déi d'Notzer dozou opruffen, per privat Noriicht Kontakt opzehuelen. Mir roden Iech och un, ëmmer de Facebook-Profil ze kontrolléieren, dee sech hannert dem Gewënnspill verstoppt. Esou ginn et vu Säite vun RTL am Ganze 4 Facebook-Sitten (RTL.lu, 5Minutes, Today an RTL You) op deenen ee Gewënnspiller fanne kann.