Auschwitz-Monument op der PafemillenCommemoratioun an Educatioun, Hand an Hand

RTL Lëtzebuerg
Virun 80 Joer hunn d'Nazie vun der Pafemillen aus Fraen a Männer an Zich Destinatioun vum Ghetto vu Lodz op Theresienstadt, respektiv an d'KZ deportéiert.
© Jeannot Ries

Aus deem Grond huet de Claude Meisch ënnerstrach, wéi wichteg et ass, d'Erënnerung un dës däischter Amenter vun onser Geschicht héichzehalen. Op engem Ament wou d'Pandemie sou Verschwierungstheoretiker a Rietsextremen en neien Nährbuedem fir Antisemitismus a Rassismus geliwwert hätt. An dëse Momenter musse mir de Courage hunn, fir opzestoen an Neen ze soen zur Intoleranz an zur Ausgrenzung. Nëmmen esou kënne mer sécherstellen, datt " Never again " net just en eidelen Slogan ass, sou den Educatiounsminister Claude Meisch
.

Grad an deem Sënn soll dat 110 Joer aalt Klouschter vu Fünfbrunnen elo valoriséiert ginn. Andeems hei en edukativen a commemorativen Zenter fir Jonker ageriicht gëtt. Een Element vun engem méi groussen Accord tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Jüddescher Communautéit. En Accord, deen net just d'Leide vun de Judden am Zweete Weltkrich unerkennt, ma deen och an d'Zukunft kuckt, sou de Minister Claude Meisch.

D'Gedenken un d'Affer vun der Shoah, d'Opklärung iwwer Antisemitismus a Rassismus an d'Promotioun vu Valeure wéi Humanismus a Mënscherechter. Domat entsteet hei net nëmmen eng Plaz vu Gedenken, ma och eng Plaz, wou de Kampf géint den Antisemitismus an all aner Formen vu Rassismus an Intoleranz am Mëttelpunkt stinn.

Um ënneschten Deel vum Site, no un de Gleiser, do wou tëscht 1941 an 43 ëmmerhin 8 Convoien d'Land verlooss hunn, soll d'Erënnerung am Mëttelpunkt stoen. Do wou zanter 1969 och d'Monument aus Granit vum Lucien Wercollier, un all d'Jüddesch Affer vum zweete Weltkrich erënnert. Granit aus der Carrière vum fréieren KZ Natzweiler/Struthof.

Méi erop soll d'Klouschter mat der Zäit renovéiert ginn. Hei solle vum nächste Joer un d'Diere fir den edukativen Deel vum Projet opgoen. Genereel soll de Site matten an der Natur bei Ëlwen, och besser zougänglech gemaach ginn.

Sief et ze Fouss oder iwwer en neie Vëloswee. Iddien, Projeten déi den Ament finaliséiert ginn.

PDF: Historique 1969-2021

Back to Top
CIM LOGO